27.1.05

Wow, ech hunn eng Blog.

Salut, Alleguer!

Meng Iddi mer fir e pur € e bësse Webspace matt PHP an Mysql ze leeschten hunn ech dann awer mol si gelooss. Ech hu mer geduecht, wann ech meng E-Maile jo och net um eegene Server hunn, mee engem Gratis-Déngscht uvertrauen, géif ech och net stiewen et d’selwescht ze man wat meng Blog ugeet. Mol kucken ob dës Kéier d’Euphorie e bësse méi laang unhält wéi matt der éischter Websäit.
Bis elo gesinn ech déi Saach och esou dass meng Blog wuel kaum wäert interessant ginn, a scho gur net fir Leit déi mech net kenne, wat mech awer wuel net wäert dovun ofbréngen e bëssen iwwert all Méigleches ze lästeren; sou wéi der mech also wuel kennt.
Eng Saach wéilt ech awer nach präziséiren: et soll einegermoossen anonym bleiwen. Also wa méiglech net mäin Numm, meng E-Mail, GSM-Nummer, oder wat och ëmmer posten. Hmm, ech mengen ech sinn e bëssen ze paranoid. :-)

Elo wurschtelen ech awer mol nach e bëssen a kucke wat Blogger sou ze bidden huet. En éischten Test wäert mol sinn op d’Apostrophe richteg durgestallt ginn (well ech tippe jo u sech mol UTF-8 an d’Textbox).

Schreift mer och roueg genuch Comments, da sinn ech happy. Lol.

3 Kommentare:

Am/um 27.01.05, 18:22 , Anonymous Anonym meinte...

Ech sinn stolz op dech ;-) Du bass wierklech sou een Held, dass de mer déi nächst Kéier wou mer eis gesinn, onbedingt een Autogramm muss gin. lol

 
Am/um 27.01.05, 20:00 , Anonymous Anonym meinte...

Salut,

blogen as out. Hacken as in :-)

 
Am/um 12.04.05, 11:55 , Anonymous Anonym meinte...

Flotte Blog, schéin zë gesinn, datt ët och nach aaner lëtzebuergesch Blogger ginn.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite