17.9.05

Linux Unified Key Setup

… oder kuerz LUKS ass den (hoffentlech) zukünftege Standard fir verschlësselt Partitiounen ënner Linux (an eventuell anere Betriebssystemer). Et ass u sech just en Header am éischte Sektor vun enger Partitioun wou de Verschlësselungsalgorithmus an de Master key gespäichert ginn. Zwee Haaptfeatures:Wéi sinn ech fir mäi portablen Hard Disk virgaangen? Als éischt mat badblocks -svw /dev/sdb den Hard Disk intensiv testen. Dono hunn ech e mat Zoufallsdaten aus dem /dev/urandom iwwerschriwwen. (Do muss een awer eventuell eng net-trivial Method benotze fir eng optimal Geschwindegkeet ze hunn).

Fir de LUKS ze initialiséire benotzt een einfach cryptsetup -y luksFormat /dev/sdb a gëtt zweemol dat gewënschtent Passwuert un. Mat cryptsetup luksOpen /dev/sdb wd man ech den dm-crypt mapping. Dat virtuellt Block-Device /dev/mapper/wd gëtt da mat mkreiserfs /dev/mapper/wd ReiserFS-formatéiert, a ka schlussendlech mat mount /dev/mapper/wd /mnt/wd gemount ginn.

Hmm, wann een dat komplizéiert fënnt: et geet och méi einfach. Vill Distributiounen, wéi z.B. déi zimlech poléiert SuSE, missten dat normalerweis am Konfiguratiounsprogramm ubidden, sou dass een dat alles a beschter Klickibunti-Manéier maache kann a kee Problem durstellt. Mee dat ass jo vill ze langweileg.

Nach zur Vitesse: Onverschlësselt a mat ReiserFS (Versioun 3.x) kënnt mäi Western Digital op ca. 25 MiB/s Liesen a Schreiwen. Mat AES-CBC-ESSIV-SHA256 op 22 respektiv 18. Ech weess allerdings net méi wat Liesen a wat Schreiwe woar. Ech kéint wuel och e manner rechenintensive Verschlësslungsmodus wielen. Da misst den Overhead quasi null sinn.

Labels:

1 Kommentare:

Am/um 25.09.05, 14:52 , Anonymous Anonym meinte...

Salut.

Ech si grad bei technorati op dain blog gestouss, an ech hu mer mol erlaabt dech a main blogroll opzehuelen. (ech sammelen all aktiv letzebourgesch blogs)

Meng sait ass http://www.doofblog.tk (Leef op debian)
Ech sin och en GNU/Linux enthusiast, ech hun doheem nach eng Ubuntu Box stoen. (Ech posten dat heiten an d'comments well ech deng email adress net am blog fonnt hun, also net beis gin weg)

Raffael Mancini
ramanci@yahoo.de

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite