27.1.05

Blogger & Web Standarden

Sou, dat woar et! Ech man de Butték dicht!

Ok, net grad ;-) Mee et ass schued dass Web Standarden (wéi XHTML a CSS) nach ëmmer net korrekt ëmgesat ginn. E schéint Beispill ass dann rem meng Blog. Zwar soll d’Säit „XHTML Strict“ sinn (wéi jidderee liicht gesäit wann een se an engem Text-Editor opmécht), mee leider ass et domat net wäit hir, wéi dem W3C säi Validator engem dat weist.

Am World Wide Web ginn et jo scho genuch Kompatibilitéitsproblemer well d’Browseren hir eege Macken hunn (zum Beispill den IE), mee dat gëtt dann nach doduerch verschlëmmert dass d’Säite selwer sech net un d’Standarden halen. An dobäi sinn déi ganz kloer formuléiert an et ass wierklech net schwéier eng Säit konform ze man.

Mee wat erwoarden ech mer, zu Zäite wou et nach ëmmer Säite ginn déi „optiméiert“ si fir e bestëmmtene Browser. An, jo, dat ass grad sou verwerflech wann et optiméiert fir Konqueror oder Firefox ass.

2 Kommentare:

Am/um 27.01.05, 22:54 , Anonymous Anonym meinte...

Naja, also déi Validators sinn sou eppes vun pingelesch, dass se och villes net validéieren waat ouni Problem an all Browser affichéiert gët. Fazit: Alles hallef sou schlëmm
Steve

PS: Ech haat nach keen Bock mer een Account ze maachen dass ech net méi als Anonymous Coward muss posten :)

 
Am/um 28.01.05, 01:02 , Blogger Tuxophil meinte...

Jo, d’Validatore si pinglesch, mee de Sënn vun deene Standarden ass ënnert anerem fir de Programmeure vu Web Browseren d’Saach méi liicht ze man. Am Moment (an dofir nach fir gaaanz vill Joren) huet e Browser immens vill iwwerflëssege Code fir allméiglechen net-konforme Code trotzdem irgendwéi ze interpretéiren. A vill iwwerflëssege Code bedeit och vill iwwerflësseg Bugs a Sécherheetslücken.

Ok, déi Feeler déi an dësem Fall am Code sinn, sinn harmlos, dofir hunn ech jo och kee wierkleche Problem domatt, et ass halt just dass ech net vill Säite begéinen déi et eescht huele mat de Standarden. (Mee et ginn der, an och ëmmer méi!)

Virun allem awer vun der Webdesignersäit hir verstinn ech et net. Ech huele jo mol un dass wa Quanta integréierten Checking huet, de vill geluewtenen Dreamweaver dat jo wuel och fäerdeg bréngt. A Saachen déi souwisou op der Hand codéiert ginn net duerch de Validator ze joen ass irgendwéi onverständlech.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite