7.6.05

Phishing IQ Test II

Wéi gutt ass een am Phishing-Erkennen? Mam Phishing IQ Test II léist sech dat erausfannen. Eng vun den 10 Test-Mails hat mech ausgetrickst kritt: do hat eng legitim Mail sech nawell gutt als Phishing-Versuch getarnt. Oje …

4 Kommentare:

Am/um 07.06.05, 23:13 , Anonymous Anonym meinte...

Mengs de etwa déi mat: http://links.bankofamerica1.com:8082
déi 1 an deen Port gesinn extrem no Phishing aus :-)
SPW

 
Am/um 07.06.05, 23:41 , Blogger Tuxophil meinte...

Nee, ech menge CapitalOne. Ech hat net op d’Personaliséirung mat “RE: Your account ending in 7163” opgepasst, mee d’URL http://capitalone.bfi0.com/blabla woar direkt an d’Aa gesprongen. Ech ka just de Kapp rëselen iwwert déi URL. Dee Link géif ech net mol benotze wa meng ganz Kontosnummer dra géing stoen.

Bank of America konnt jo bal kee Phishing sinn. Du bass net aktiv opgefuerdert ginn irgendwou Daten unzeginn oder ze aktualiséiren. Et ass reng informativ, also kann et net vun engem Phisher kommen :-)

Mee bon, et just als Grafik unzeweisen an ouni Méiglechkeet an d’Mail Headers ze kucken ass dann awer scho relativ schwaach.

 
Am/um 07.06.05, 23:53 , Blogger Tuxophil meinte...

Hmm, dat erënnert mech un déi skurilste Mail déi ech je kritt hunn. Ech weess elo nach net wat dat soll. Et woar (angeblech) vun ebay.com (obschons ech bei ebay.de ugemellt sinn...). Dat huet mech stutzeg gemaach. Grad sou dass et u meng al Adress woar déi ech am ebay awer 3 Méint virdrun ëmgeännert hat. Och laut Mail Headers ass et net vun ebay komm.

Eigentlech e klore Fall, mee de Clou: et ass reng informativ gewiescht: “Lower Fees for Your European Union Transactions”. A keen ee Link. Näicht.

 
Am/um 08.06.05, 12:54 , Anonymous Anonym meinte...

Ech hat dës läscht a mengem Blog eng ganz Reih Kommentarspammen fir amerikanesch Pokersäiten nom Style "Great site!" an dann ë Link. Bei ë puër Kommentaren stoung just ën 0815-Sproch, mä de Link haaten së vergiëss.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite