25.5.05

« LE CRIMINEL SERA JUGE »

oder awer « LE CRIMINEL SERA JUGÉ » ? Ween huet net mol eng Kéier héiren — oder ass et an der Schoul geléiert ginn — dass een am Franséischen keng Accenten op Groussbustawe mécht? Dee Blödsinn geet allerdings just op d’Aféirung vun de Schreifmaschinnen oder de Beliichtungsmaschinen zeréck déi, wéinst hiren Ursprungslänner, oft keng Méiglechkeet haten Accenten op Groussbustawen ze setzen. Dat ass hautesdags awer komplett irrelevant, an deemno och falsch. Laut der franséischer Imprimerie nationale gëtt et (an där Hinsiicht) keen Ënnerscheed tëscht Kleng- a Groussbustawen. (A jo, dat heescht och dass een « À » an net « A » schreift!)

A wee wësse wëll firwat déi Accenten eigentlech gutt sinn, dee kann et op L’accent tué ou l’accent tue ! erausfannen.

Labels:

1 Kommentare:

Am/um 25.05.05, 21:17 , Anonymous Anonym meinte...

Meng Riëd zënter Joren! Ech ka mech ëmmer sou opreegen, wann ech iergendzwousch eppes muss 3 mol liësen, bis ech de Sënn verstaan hun. D'Leit verstinn hir Onlogik einfach net.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite