6.10.05

Nei Musék entdecken

Zwou flott Méiglechkeeten:
1. Gnoosic versprécht dat ze fannen vun deem een net mol woust dass een et gesicht huet… Einfach 3 Künstler aginn, a Gnoosic mécht Virschléi. Dat flott drunn: d’Datebank woar am Ufank eidel, an nëmmen duerch d’Eingabe vun de Leit huet d’AI geléiert wat beienee passt. Wéi gelongen et ass, dat décidéiert der am Beschte selwer.
2. Bei last.fm (fréieren AudioScrobbler) kann een e perséinleche Muséksprofil erstellen andeems een en entspriechende Plugin a séngem Lieblingsplayer benotzt (am amaroK ass dat built-in). Da ginn d’Titele vun de Lidder déi ee lauschtert u last.fm iwwerdroen, an déi Date ginn da benotzt fir musikalesch „Noperen“ ze fannen. Et ass och flott fir den „Dynamic Mode“ vum amaroK: et ginn automatesch ëmmer ähnlech Lidder un d’Enn vun der Playlist ugehaangen. Mee virun allem dat mat den Noperen ass flott fir nei Künstler ze entdecken. (Mee iwwer Dateschutz muss ee sech awer definitiv seng Gedanke gemaach: iwwerdroe gëtt net nëmme wéi eng Lidder gelauschtert goufe, mee och nach wéini.)

3 Kommentare:

Am/um 06.10.05, 22:22 , Anonymous Anonym meinte...

Do gett ët och nach pandora.com, mä dat ass just di éischt 10 Stonne gratis.

 
Am/um 06.10.05, 22:57 , Blogger Tuxophil meinte...

Hmm, interessant. Allerdings huet dee vu 4 Gruppen déi ech relativ gär läuschtere just eng kannt… Mee bei där sinn d’Empfeelungen dann awer effektiv brauchbar.

Wéi se dat mat den 10 Stonne kontrolléire wëllen ass mer allerdéngs e Rätsel.

 
Am/um 06.10.05, 23:23 , Blogger Tuxophil meinte...

Wow, ech hunn elo nach e bësse mam Pandora gespillt. Ech gleewen elo effektiv dass déi Titelen vu Mënsche gelauschtert a klasséiert goufen. (Net wéi bei deenen 2 Déngschter déi ech virgestallt hunn, déi op Statistik respektiv AI baséiren.)

Flott.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite