13.11.05

Sex Offenders

Vu Lëschte vun amerikanesche Sex Offenders hunn ech jo schonn héiren. Mee wéi wäit dat wierklech geet weist www.mapsexoffenders.com. Wat ee mat Google Maps dach net alles maache kann…

Woar de Prinzip net mol sou dass ee seng Strof ofsëtzt an dono einegermoossen onbehellegt rem an d’Gesellschaft integréiert gëtt?

(Quell: digg)

2 Kommentare:

Am/um 14.11.05, 14:45 , Blogger Airborne meinte...

Villaicht stells du dei fro am beschten un Elteren déi hiert Kand verluer huet well si net wossten dass en vibeschtroftenen Treibtäter an hirer Emgeigend wunnt, an deen rem reckfälleg gin ass.

 
Am/um 14.11.05, 20:21 , Blogger Tuxophil meinte...

Jo, ass e bëssen eng delikat Saach. Mee un de Pranger stellen féiert hëchstens zu Selbstjustiz. Oder nach besser: “The last time a newspaper in Britain published a list of known paedophiles a group of neighbours just beat to (nearly) death an innocent guy just because he looked like one of the guys in the paper. They broke his neck.” (Aus engem digg Kommentar)

Komm mir man eng Lëscht vu fräigeloossene Mäerder! Hmm, Moment, een dee mat engem Messer op ee lass geet ass och eng Gefor. Nach eng Lëscht. Hmm, een dee scho mol een iwwerrannt huet well e besoff hannert dem Steier souz…

Jiddereen deen am Prisong woar ka rëckfälleg ginn. Et kënne sougur Leit stroffälleg ginn déi mer bis elo net op eng Lëscht setze konnten. Wéi kann ech iwwerhaapt nach roueg schlofen??

Mol am Eescht: de Prinzip „an de Prisong/Therapie an irgendwann rem laafe loossen“ ass bei wäitem net perfekt, mee ech gesi leider kee besseren. Et léist sech allerdings vill iwwert d’genau Bedeitung vun „irgendwann“ diskutéiren.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite