22.10.05

Den Asimo ass zu Lëtzebuerg

Am Kader vum Festival des Sciences 2005 ass haut a moar den Asimo zu Lëtzebuerg. Zur Erënnerung, dat ass den „humanoïden“ Honda-Roboter deen ënner anerem Trapen erop an erof goe kann. D’Virstellunge si gratis, mee et huet ee missen Tickete siche goen. Ze kréie si wuel keng méi. Et woar amüsant, mee zimlech kuerz. Jojo, dass déi Akkuen awer och ëmmer nëmmen eng hallef Stonn halen ;-)
Ech hunn e pur Fotoen op de Flickr gesat.
Asimo Asimo Asimo Asimo
E klenge Video hunn ech och gedréint. (Den Asimo geet d’Trap erop.)

Update: Ech hunn de Video geännert. Et ass elo XviD als Video-Codec, a PCM als Audio-Codec. D’Container-Format ass AVI.
Erstallt hunn ech de Video mat mencoder PICT0160.MOV -vf rotate=2 -ovc xvid -o asimo.xvid -oac pcm -xvidencopts pass=2:bitrate=-3000. Den éischte Video woar wahrscheinlech dem libavcodec säin mpeg4 fir de Video, och mat PCM-Audio, an dat ganzt an enger AVI. Manpages soll een eben och heiansdo méi am Detail liesen …

Update: De Raffael huet eng Rei flott Fotoen op séngem Flickr-Account.

3 Kommentare:

Am/um 23.10.05, 00:22 , Anonymous Anonym meinte...

Grrrr, lo sin ech awer rosen, ech wollt deen och haut kucken goen an fotoen man an se dann bloggen.

 
Am/um 23.10.05, 20:23 , Anonymous Anonym meinte...

Also, ech weess jo net a wat fir engem Format dee Video ass, mä wiëder den Media Player Classic, nach den Windows Media Player a souguër net den Quicktime Player (dee parasitären Dreck, deen ech mer extra installéiert hun) kréien ën ofgespillt. Wär ën XviD-Avi net mi einfach?

 
Am/um 25.10.05, 18:27 , Blogger Tuxophil meinte...

Hmm, et misst nach ëmmer e Quicktime Movie sinn. Ech hunn en allerdings misse mam mplayer ëm 90° dréien. (Wat och de positiven Nieweneffekt hat dass e vun 22MiB op 4,9MiB geschrumpft ass.)

Mplayer a Xine kënnen en ofspillen. Ech wollt en als Ogg Theora uploaden, mee leider hunn ech do keen Encoder fonnt.

Kucke lo mol no xvid.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite