27.2.07

Endlech — eis Fernseher gi verkrëppelt


Sou oder sou ähnlech wäerte wuel vill Leit d’Noriicht vum Dag opgeholl hunn:
Ab Januar 2008 gëtt et keen analogt Signal méi um Gemeinschaftsantennekabel. Also muss fir all Fernseh, all Hard Disk-Recorder an all TV-Koart fir de Computer en Decoder kaf ginn. Eigentlech verfluchen ech jo d’PAL-Technik wéinst der dach, fir heiteg Standarden, miserabler Qualitéit. Dass meng e pur Méint al TV-Koart Enn des Joers awer rem wertlos ass iergert mech dach zimlech. An da bleift d’Fro inwifern een mat der Decoder-Télécommande de Fernseh steire kann an ëmgedréint.

Dat eenzegt gutt schéngt ze sinn dass e sënnvollen Accord fonnt ginn ass deen — hoffentlech — dofir suergt dass de ganzen Duercherneen (gratis/net gratis, chip card, Kompatibilitéit, etc.) vun deem ech schon gelies hunn (iwwer d’Situatioun an Däitschland) hei net antrënnt.

Fir de Rescht: ech kucken, grob geschätzt, eng 5—10 Stonne Fernseh. De Mount. Soulaang kee mer den DSL ofschalt ass alles am gringe Beräich =)

Update: Humoristesche Kommentar vun eiser Regierung:
En outre, l’installation sera plus facile qu’avec l’analogique […]
Situation de proportionnalité: Wann d’Zuel vun de Geräter sech verduebelt, gëtt d’Verkablen duebel sou einfach. Oder hunn ech dat falsch verstanen?

De Commerce wäert sech jiddefalls freeën: 100€ fir 1 Decoder, 1 Decoder pro Gerät, e pur Geräter pro Stot, 90% vun de Stéit si betraff.

2 Kommentare:

Am/um 05.03.07, 08:01 , Anonymous Anonym meinte...

Ech kucke schon jorelang nëmmen digital (Schossel) dofir ass et mir zimlech egal wann se analog ofschalten. Ob dat awer wierklech 2008 geschidd bezweiflen ech. A ville Länner, wou d'Leit net esou "dichteg" sinn, sinn nach immens vill analog Empfänger am Asatz. Déi Leit géifen sech freeën, wann se alles ersetzen mussen.

 
Am/um 06.03.07, 06:24 , Blogger Tuxophil meinte...

Fir deene verschiddene landesspezifesche Situatioune rechnung ze droen huet d’EU jo och d’Joer 2012 als Stëchdatum zréckbehalen fir d’Komplettofschaltung vum analoge Fernseh.

Ech huelen allerdings och un dass et eng Iwwergangsperiod gëtt. Ob déi allerdings iwwert e pur Méint eraus geet bezweiflen ech, well souwäit ech weess ass keng Plaz um Kabel fir déi 2 Déngschter mat alle Kanäl parallel lafen ze loossen.

Iwwregens: Analoge Radio soll bis 2010 dru sinn. Do wäerte mer da feststellen ob een den Auto mam Radio eweschgeheie muss ;-)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite