8.12.06

Neies vun OpenDocument an Office Open XML

Nodeems OpenDocument jo kierzlech endlech ganz definitiv an offiziell vun der ISO verëffentlecht ginn ass, ass dat vu Microsoft entwéckelt Konkurrenzformat Office Open XML gëscht als ECMA-Standard ugeholl ginn.

Iwwer d’Qualitéit vun deem fonkelneie „Standard“ léist sech awer wuel nach diskutéiren. Extrait:
For legacy reasons, an implementation using the 1900 date base system shall treat 1900 as though it was a leap year. [Note: That is, serial value 59 corresponds to February 28, and serial value 61 corresponds to March 1, the next day, allowing the (nonexistent) date February 29 to have the serial value 60. end note] A consequence of this is that for dates between January 1 and February 28, WEEKDAY shall return a value for the day immediately prior to the correct day, so that the (nonexistent) date February 29 has a day-of-the-week that immediately follows that of February 28, and immediately precedes that of March 1. (Quell)
Einfach schéin.

Aneren amüsanten Detail: Mac-User wäerten nach e pur Méint woarde musse bis MS hinnen d’Méiglechkeet gëtt dat neit Office-Standardformat iwwerhaapt opman ze kënnen.

Labels:

2 Kommentare:

Am/um 13.12.06, 11:37 , Blogger Airborne meinte...

Och wann den OpenDocument villaicht lo offiziel unerkannt ass, huet et awa anscheinend nach net vill Impakt. Ech hun nämlech gescht en Entworf vun der europächer Kommissioun kruut (et get drems d'filgerei och an EU-ECTS anzefeieren) an deen ass "schein" an engem .doc fromat. Naja bei der EU dauert daat wuel mei laang bis si daat matkreien. =)

 
Am/um 13.12.06, 17:59 , Blogger Tuxophil meinte...

Ganz sou ignorant si sa dann awer net zu Bréissel.

D’EU Kommissioun huet nämlech e Programm (Interoperable Delivery of European eGovernment Services to public Administrations, Businesses and Citizens, kuerz IDABC) deen aktiv Reklam
fir OpenDocument mécht an och Informatiounsmaterial zur Verfügung stellt.

Hoffe mer dass et eppes bréngt.

(Weider Informatiounen)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite