29.1.05

E pur Wuert iwwer SuSE 9.2 (Updated)

Ech hat kierzlech Geleeënheet e Bléck op SuSE 9.2 ze geheien, oder besser gesot en ze installéiren. Um Computer woar eng Standard-Installatioun Windows XP drop: 1 Partitioun, NTFS.

Als éischt eppes net onwichteges: Säit Novell SuSE iwwerholl kritt ee SuSE komplett als DVD-Image erofzelueden. Den Download ass gutt 3GiB mee mat ADSL ass dat kee Problem. Bräicht ee just nach en DVD-Brenner...
(Et kann een awer och eng Netzwierk-Installatioun man, wou dann alles direkt per FTP erofgeluede gëtt.)

Et boot een iwwer d’DVD fir e schicken iwwersichtleche Bootmenu ugewisen ze kréien, wou een dann „Installation“ auswielt. (Erfreelech ass och dass e RAM-Tester och ugebuede gëtt, grad wéi Boote vum Hard Disk, respektiv eng Rescue Optioun.)
An ab elo gëtt et net méi vill ze soen, alles SuSE-typesch schéi präsentéiert, iwwersichtlech, gutt erklärt. Et gëtt alles automatesch erkannt, da kritt een eng Iwwersiicht iwwert alles ugewise wou een dann nach Saache korrigéire kann (z.B. den Tastaturlayout) an da kann een déi eigentlech Installatioun starten.

Wat mech besonnesch un der ganzer Installatioun interesséiert huet, woar den Ëmgang mam NTFS verklengeren. Dat huet nämlech an der Vergaangenheet fir sou munch ee Problem gesuergt, mee dat ass keen Thema méi: SuSE huet automatesch d’Windows Partitioun erkannt, virgeschloen se op 40GiB ze verklengeren, eng 1GiB Swap-Partitioun unzeleeën an dann eng 60GiB Linux Root-Partitioun (Reiserfs) ze erstellen. Ech hunn näicht un deem Virschlag geännert a mäin OK ginn. Et woar absolut kee Problem, och wann de Windows et awer matkritt huet, well zumindest huet dee beim nächste Start seng Partitioun iwwerpréift.

Wat ech mech awer net getraut hunn (net mäi Computer) woar ze kucke wéi déi aktuell Situatioun mam Boote vu Windows ass. Aus Sécherheetsgrënn hunn ech et virgezunn de Linux Bootloader (Grub an deem Fall) op Diskett installéiren ze loossen. Well Windows XP (grad wéi den 2000) zimlech eegewëlleg ass wat d’Booten ubelangt, woar et nach ëmmer virzezéien de Bootloader net an den MBR schreiwen ze loosse, well anescht de Windows net méi ka gestart ginn. Ech wir ganz frou wann ee mech do op den neiste Stand brénge kéint. (Ka Grub ewell Windows XP booten? Lilo? Ëmmerhinn wëll SuSE de GRUB an den MBR schreiwen...)

Den eenzege Problem woar mam Printer, mee dat kann eventuell duerch eng Rei Updates geschitt sinn déi direkt duerchgefouert gi sinn. Nodeems de Printer am YaST (dem SuSE säi Konfiguratiounsprogramm) eng Kéier geläscht ginn ass, an neess dobäi gemaach ginn ass woar awer alles an der Rei.

Fazit: A manner wéi enger Stonn, an no enger kannerliichter Installatioun (am Verglach zu Windows XP + eng Office Suite + Acrobat Reader + Driver fir Grafikkoart, Printer, Sound, Mainboard, etc. + Grafiksoftware + Photoprogramm + ech mengen déi aner 100 Saache spueren ech mer), huet een e sécheren, kompletten a komfortable System installéiert deen näicht ze wënschen iwwregléisst. Ausser (aus rechtleche Grënn) Ofspille vu CSS-verschlësselten DVDs (wat awer déi meescht sinn).

Update (02.02.2005@16:59)
De Problem mam Printer woar dann awer e bësse méi hartnäckeg... No all Reboot ass de Problem rem de selweschten, de SuSE verhält d’Printer-Konfiguratioun einfach net. Ech hunn awer keng Méiglechkeet elo dono ze kucken. Wierklech schued dat do.

Update (09.02.2005@15:14)
Wollt just nach soen dass de Problem sech mëttlererweil vum selwen geléist huet. Wahrscheinlech duerch ee vun den automateschen Updates.

Labels:

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite