14.6.05

Touch Typing

Mat 10 Fanger tippen ass eng ganz praktesch Saach, an ech sinn immens frou mer et virun e pur Joer bäibruet ze hunn, allerdings hunn ech an der Lescht net méi genuch geübt, sou dass et oft drop erausleeft entweder séier ze tippen oder feelerfräi. Wéi och ëmmer, op typingtest.com ka jidderee problemlos (Java virausgesat) teste wéi séier en tippe kann. Ech kommen op passabel 70 WPM netto. (Ee Gléck dass keng Zuelen a Sonderzeechen an sou weider dra virkommmen …)

3 Kommentare:

Am/um 14.06.05, 16:39 , Anonymous Anonym meinte...

Interessanten Test. Ech hunn souwuel deen Däitschen, Franséischen wéi och Englëschen gemaach, an dunn hunn ech einfach aus Blödsinn een Lëtzebuergeschen geschriwwen. Also dann seet en der einfach du häss all Wuert falsch geschriwwen, mee ech wollt jo just gesinn wéivill Wierder ech do pro Minutt hinkréien (a propos: wier et net vläit méi sënnvoll Zeeschen pro Minutt ze zielen wéi d'Wierder? well Wierder kënnen jo laang oder kuurz sinn).

Ech sinn bedeitend méi séier am Lëtzebuergeschen (78 Wierder) wéi am Däitschen (48), Englëschen (52) oder Franséischen (61).
SPW

 
Am/um 14.06.05, 16:55 , Anonymous Anonym meinte...

"Dr. Dvorak estimated that a QWERTY typest moved around his keyboard 16 miles a day compared with 1 mile on the Dvorak layout, and that the average WPM (words per minute) on QWERTY was about 40 WPM and 60 WPM on the Dvorak layout."

 
Am/um 15.06.05, 12:36 , Blogger Tuxophil meinte...

Jo, ech fannen CPM och méi sënnvoll wéi WPM, mee et schéngt wéi wa meeschtens WPM als Eenheet geholl gëtt. Vläicht ass dat och genormt, sou à la 1WPM=4CPM, mee bei deem Online-Test ass dat awer wuel net de Fall …

Ech sinn am Engleschen am séiersten well een do keng Accenten huet. Zemols wann een se mat den Dead Keys bastele muss brauch ech „éiweg“.

Hmm, Tatsaach et kann ee sougur eng aner Sprooch eraussichen, mee ech konnt et allerdings net versichen, hiren Applet huet Encodingproblemer :-(

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite