28.11.05

Eis Justiz

Ech wëll jo eisem Staatsapparat net ze no trieden, mee elo sinn ech dann awer och iwwerzeecht dovun dass d’Affaire Bommeleeër soll vertuscht ginn. Oder kann dat wierklech just Inkompetenz an Dommheet sinn wann ee fir sou eng bedeitend Enquête eng Hotmail (!) Adress mécht, an dann nach d’Wuert „Bommeleeër“ am Passwuert benotzt. Naja, vläicht hu se jo lo bäigeléiert. Irgendwéi fannen ech et sougur gutt dass hiren Account „gehackt“ gouf. Vläicht léiren se jo eppes draus …

Ech hoffe just dass ech ni wäert op eis Police/Justiz ugewise sinn. Traureg :-(

2 Kommentare:

Am/um 28.11.05, 15:04 , Anonymous Anonym meinte...

Dat hat ech mer och schons am Ufank geduëcht. Bei Hotmail eng Adress? Do hat ech eng 1997 ugeluëgt an ë puër Joër benotzt, mä wien huët dann hautesdag nach eng bei Hotmail? Dat muss ee jo scho bal mutwëlleg nennen.

 
Am/um 28.11.05, 20:44 , Anonymous Anonym meinte...

jo, ech hun nawell och missen schmunzelen, wéi ech di Adress héieren hun.. ;) Fir all kleng Abteilung vum Ministere gett et eng eegen Subdomain xyz.public.lu oder xyz.etat.lu, mee anscheinend hun se na net raus dass een do och kann emailadressen @xyz.public.lu unleeen ;)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite