22.12.05

DVDen

… kafen ech jo eigentlech gär. Grad wéi CDen. Wéinst der Freed e propere Cover ze hunn, e Booklet mat Lyrics. Je, e schéint fäerdegt Wierk. Ech leeën also den Dogville an, a wat erwoart mech? E schéine Videoclip mat dësem Inhalt:
Die Verbreitung illegaler Filmkopien im Internet schädigt die Filmindustrie. Auch in Deutschland. Doch die Täter sind im Netz nicht anonym. [IP Adress gëtt ageblend.] Raubkopierer werden verfolgt und können mit Geldbußen und Freiheitsentzug bestraft werden. NUR ORIGINAL IST LEGAL.
Ganz am Eescht, wann ech der Filmindustrie gleewen kann, gehéiren ech jo scho scheinbar zu där klenger Minoritéit déi tatsächlech nach DVDe keeft. An dofir ginn ech elo kriminaliséiert an enger Gehirwäsch ënnerzunn? Hunn ech dat wierklech néideg?

Den eenzege Grond firwat ech nach ab und zu eng DVD kafen (trotz CSS, Region Code, eventuell opforcéierten Ënnertitelen, eventuell fehlendem Originaltoun, Gehirwäsch, an an den USA anscheinend jo sougur massive Werbeblëck um Ufank) a se dann illegal kucken (mäi Programm huet keng Lizenz fir de CSS ze entschlësselen) ass ganz einfach dass d’Qualitéit vun den illegale Kopien am Netz net optimal ass. Mee ech si geschwënn souwäit dass ech mer, fir meng Nerven ze schounen, vun all DVD déi ech kafen als éischt eng (illegal natirlech) Privatkopie man ouni dee ganze Kretz. Muss dat wierklech sinn? Wa se sou weider man kann ech just nach hoffen dass déi aktuell Filmindustrie tatsächlech sou séier wéi méiglech faillite geet.

Hoffentlech kann ech mäi Film iwwerhaapt nach genéissen.

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite