20.4.07

Grammaires-Correcteur fir Linux

Den Antidote RX fëllt eng laangjähreg Lacune an der Software-Offer fir Linux: et ass e Korrekturprogramm fir d’franséisch Sprooch. A méngen Aan ass dat awer scho bal niewesächlech, well de gréisten Atout sinn déi sëllegen Dictionnairen déi och matgeliwwert ginn. Hei e pur Screenshots:





Da ginn et awer och eng Rei „Guiden“ an deenen ee verschidden orthographesch a grammatesch Begrëffer respektiv Regelen noschloe kann:



Wat d’Korrektioun ugeet hat ech elo keng Loscht irgend e belanglosen a feelerhaften Beispilltext opzesetzen. Et sief just gesot dass d’Korrektur gutt fonktionnéiert a pertinent Erklärunge gëtt. Trotzdem ass et wéi bei all sou Programm ëmmer nach de Benotzer deen d’Grammaire perfekt beherrsche muss an net einfach blann dem Computer vertrauen däerf. Mee egal wéi gutt een iwwerliest, den Antidote fënnt awer nach ëmmer déi eng oder aner Klengechkeet déi een iwwersinn hat.

En net onwesentleche Virdeel ­(an Haaptkafgrond) ass natirlech d’Linux-Ënnerstëtzung. D’Original-CD enthält eng Linux-, Mac- a Windows-Versioun. D’Software muss aktivéiert ginn (grommel) an däerf nëmmen op 3 PCen (aus engem Stod) installéiert ginn. Bis elo ginn allerdings just Fedora a SuSE (SLED) offiziell ënnerstëtzt. Op méngem Kubuntu Dapper fonktionnéiert awer och alles problemlos. Ënner Kubuntu Edgy woar intensivt Gefummels néideg fir d’OpenOffice-Integratioun un d’Goen ze kréien, an ënner Gentoo fonktionnéiert den Antidote u sech zwar korrekt mee d’OpenOffice-Integratioun krut ech net un d’Goen. Dat ass dann d’Strof dass ee proprietär closed source Software keeft. Ech muss wuel kaum soen dass de Kaf mech eng gewëss Iwwerwannung kascht huet, besonnesch wou déi 120€ a stoarkem Kontrast stinn zu den 0€ fir Betriebssystem, E-Mail, OpenOffice, Scribus, Inkscape, Gimp et j’en passe.

Fazit:
  • Brilliant Redaktiounshëllef
  • Gutt Grammaireskorrektur
  • Gutt OpenOffice-Integratioun, insoufern se fonktionnéiert.
  • Keng fräi Software

Labels: , ,

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite