12.9.07

faule Marketing

[Jo, ech weess, a leschter Zäit woar et zimlech roueg hei, an ech kann och net verspriechen dass dat sech an nächster Zäit ännere wäert.]

Passend zum Start vu CableTV fir Diddeleng, hat ech haut e Flyer an der Boîte. Sou ganz duerchsichteg woar déi Offer allerdings net:
20€ de Mount (resp. 60€ fir en 16Mbit/s) fir onlimitéierten Internet? Kléngt gutt, a genee dee Präis gëtt och am Wort vun haut zitéiert. E pur Zeilen driwwer stinn allerdings d’Détailer zu der Remarque « avec Contrat de Téléphonie »:
An anere Wierder: si hu guer keng Offer fir 20€. Entweder ass et ouni Telefon an et kascht 22€ oder et ass mat Telefon an et kascht 24€. Beim Top ass et nach méi lëschteg. Ouni Telefon 70€, mat Telefon 64€. Wann ech mat méngen aktuellen Aboe vergläichen ass hire Service finanziell zimlech interessant, mee op déi do Zort Marketing sinn ech leider allergesch. An et geet an deemselweschte Stil weider: si bidden engem de „Choix“ tëscht zwou Méiglechkeeten ze bezuelen. Dass per Rechnung bezuelen mat enger Taxe vun 1,25€ verbonnen ass stéiert mech schonn e bëssen, nach méi awer dass och d’Réductioun vun ~80€ (12 Méint) oder ~130€ (24 Méint) bei der Installatioun un d’Awëllegung zu enger Domiciliatioun gekoppelt ass. Et gëtt also rem eng Optioun suggéréiert déi et awer de facto net gëtt.
D’Fro déi de Flyer dann definitiv net beäntwert ass firwat ech Geschäfter mat enger Firma maache soll déi mech offensichtlech fir domm verkafe wëll.

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite