19.7.07

¡Hasta la vista, Windows!


Wat e Schrott.

Sou, nom Résumé hei déi méi laang Versioun… Meng Elteren hu sech e Laptop zougeluecht: e Lenovo 3000 C200 (TZ0AZGE) (515€ bei Cyberport). Et kléngt zwar no Bëlleg-Laptop, mee trotzdem huet en alles wat ee brauch. Wat d’Lenovo-Gamme sou interessant mécht ass hir gutt Linux-Kompatibilitéit. Ech hu mëttlererweil op zwou ähnleche Lenovo-Maschinnen zimlech positiv Erfahrunge gemaach sou dass d’Fro no der Mark sech eigentlech net méi gestallt huet. Eenzegen Hoken: et gëtt net de Windows XP matgeliwwert, mee de Vista. Sou schlëmm wéi een et iwwerall liest wäert et jo dann awer net sinn duecht ech mer. Ma ee Gléck dass d’Maschinn vu vireran dofir geduecht woar ënner Linux benotzt ze ginn!

Seelen hat ech et mat enger Maschinn ze dinn déi sou elendeg lues woar dass se carrément onbenotzbar woar. Konstant Hard-Disk-Aktivitéit (swapping huelen ech un), no all Klick ca. 30 Sekonnen Denkpaus (deelweis sougur e pur Minutten!) No e pur Stonnen hunn ech d’Iddi de Vista zumindest grondlegend ze konfiguréiren (Firefox, OpenOffice.org, Antivirus, Firewall etc. installéiren) missen opginn well et einfach net viru gaangen ass.

Ir ech un d’Partitiounen an den MBR fréckle gaange sinn wollt ech awer eng Sécherungskopie man (och wann ech mech dee Moment gefrot hu firwat ech de Vista iwwerhaapt wéilt sécheren). Dass keng Recovery-CD/DVD bäilouch ass hautdesdags jo schon normal, dass et awer net mol méi eng Méiglechkeet gëtt (et sief dann ech hätt et iwwersinn) sech déi selwer ze brennen wéi et bei deenen zwee anere Lenovoen nach de Fall woar fannen ech e stoarkt Stéck. Ech hunn also vun der Kubuntu-Live CD geboot an einfach e gezipptenen Hard Disk Image gezunn (an direkt per netcat op mäi PC iwwerspillt). De Kubuntu ass iwwregens méi séier vun CD gelaf wéi de Vista vum Hard Disk…

Dono hunn ech da missen d’Windows-Partitioun verklengere fir Plaz ze man fir de Kubuntu. Well et am WWW op ville Plaze recommandéiert gouf wollt ech dat dann och am Vista-eegenen Disk Management man. Dee wollt awer partout net méi wéi 25 GiB raumen (och nom Defragmentéiren). Dunn ass es mer duergaang an ech hunn einfach de Kubuntu gewäerde gelooss. Resultat: de Vista fonktionnéiert (souwäit ech dat beurteele kann) nach ëmmer „perfekt“, an dat obschons wesentlech méi wéi 25 GiB fräigemaach goufen. Firwat net direkt sou?

Fazit:
  • De Vista ass tatsächlech sou extrem ressourcenhongreg wéi iwwerall geschriwwe gëtt.
  • De User Account Control huet schonn no e pur Stonne fatzeg genervt.
  • De Windows Disk Management gëtt net wierklech eens.
  • Et ass scho bal kriminell Windows Vista op där doten Hardware virzeinstalléiren. Ween net wëlles huet en anert Betriebssystem ze installéiren huet gutt 500€ an de Sand gesat.


(Meng Erfahrunge mat Linux op der selweschter Maschinn kommen och nach.)

Labels:

1 Kommentare:

Am/um 26.07.07, 10:10 , Blogger Airborne meinte...

Desen ARD-Stiftung-Warentest passt och gudd zu deem thema, besonneg hir Konklusiounen gefallen mir perseinlech ganz gudd. =)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite