2.12.07

PISA 2006

Et ass jo schon sou zimlech iwwerall gemellt ginn dass eis Schüler alt erem schlecht bei PISA ofgeschnidden hunn. E bëssen iwwerrascht sinn ech awer wéi wéineg déi Étude bis elo kritiséiert gouf. (Dat kënnt dann hoffentlech no der offizieller Publikatioun vun de Resultater.)

D’Ëmweltfroen (Quell) sinn nämlech äusserst opschlussräich: wéi soll e Cinquièmes-Schüler déi Froe beäntwere kënne wann en am Regelfall nach keng eng Sekonn Physique oder Chimie hat?

4 Kommentare:

Am/um 02.12.07, 18:15 , Anonymous Anonym meinte...

Also ech mengen net, dass een muss physik kenne fiir ze soen wou een en wandkraftwierk opstelle soll. Dat as gesonde menscheverstand; sou wei och die allermeescht (net all, ok) aner froen och.

 
Am/um 02.12.07, 18:44 , Anonymous Anonym meinte...

Du kanns awer net vun engem op 5eme erwarden, dass der kann erklären wéi Atomer a Moleküler am Katalysator emgewandelt ginn...

Dat eenzegt wat eis Regeirung gemaach huet ass, dass se net gefuddelt huet wéi déi aner Länner. Am Ausland goufen Schüler bezuelt wann se matgemaach hunn, oder si kruten een Dag schoulfräi. Do hëlls de déi PISA Étude dach direkt vill méi serieux, wéi wanns de dech einfach solls een Dag dohinner setzen an en Test maachen, vun deems de NÄISCHT hues.

Briten sinn wäit fir. Mee looss keen Brit mat Waasser an Seir eleng, well et knuppt garantéiert. PISA ass totalen Blödsinn. Wann ech mer ukucken wéi onbeschreiwlech domm Briten sinn ("hein, wien ass dann Proust??"), sinn ech dee glécklechste Mënsch op der Welt dass ech zu Lëtzebuerg an d'Schoul gaang sinn.

 
Am/um 02.12.07, 18:53 , Blogger Tuxophil meinte...

Ok, Windenerge 4 missten se hikréien, 1 an 2 sinn awer vläicht net sou evident fir d'Schüler wéi e menge kéint. Saurer Regen 2 an 3 sinn ze maachen.
Mee bei deenen anere Froen sinn ech mer awer gur net sou sécher dass eppes Vernünfteges dobäi rauskomme kann.

 
Am/um 02.12.07, 19:01 , Blogger Tuxophil meinte...

Hëppla, mäin éischte Kommentar woar natirlech geduecht als Äntwert op dem "anonym" seng Ausso.

An effektiv, bei de Froen iwwert de Katalysator ass all Kommentar iwwerflësseg.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite