Jiddereen ass Organspender
Wat eng Heuchelei! Wéi ech grad um Radio héiren hunn gëtt alt mol rem gejéimert a geklot dass et net genuch Organspender ginn an dass dofir eng grouss Informatiouns- a Sensibilisatiounscampagne lancéiert gëtt. Wat bei der Berichterstattung (zumindest um Radio) awer systematesch „vergiess“ gëtt ass ze erwähnen dass dee Problem säit 25 (!) Joer geléist ass!
Hei e pur Extraiten aus der Loi du 25 novembre 1982 réglant le prélèvement de substances d’origine humaine :
Art. 6. Des prélèvements peuvent être effectués à des fins thérapeutiques ou scientifiques sur le cadavre d’une personne n’ayant pas de son vivant fait connaître par écrit son refus à un tel prélèvement.Richteg, souguer fir wëssenschaftlech Recherche ass a priori keng Erlaabnis néideg:
Art. 1. La présente loi s’applique à tout prélèvement de substances d’origine humaine effectué à des fins de thérapeutique et de diagnostic au profit de personnes autres que le donneur, et à des fins de recherche.Dat Ganzt betrëfft dann all Verstuerwenen deen net en « incapable mineur ou majeur » woar a bei deem een dovun ausgoe kann dass e säi leschte Wunnsëtz am Grand-Duché hat.
An um Radio schwätzen se nach alleguer (Journalisten, Dokteren, Famill vu Verstuerwener) vun „Erlaabnis froe bei der Famill“. A mengen Aan ass dat d’Leit fir domm verkaf. Dat Gesetz ass jo deemols bestëmmt och net liichtfankeg gestëmmt ginn. Soulues kéint ee sech jo iwwerleeën d’Gesetz einfach mol unzewenden.
Update: Ween nohëllefe wëll ka sech op www.dondorganes.public.lu säi Spenderausweis bestellen. («  Passeport de vie » an « La vie continue » hätten se sech awer kéinte spueren.)
P.S.
Art. 10. Lors de chaque délivrance […] d’une carte d’identité […], l’agent remet en même temps au titulaire de cette pièce une formule de déclaration à deux options que l’intéressé peut remplir et signer s’il entend exprimer qu’il est ou qu’il n’est pas donneur d’organes après sa mort.Kann ech elo dee Gemengebeamte verklape goen dee mer meng Carte d’identité ausgehännegt huet ouni sou eng formule de déclaration bäizeleeën? ;-)
Art. 18. Sans préjudice des peines plus fortes édictées par d’autres lois, les infractions à la présente loi et à ses règlements d’exécution sont punies d’un emprisonnement de huit jours à trois ans et d’une amende de 2.501 à 200.000 francs, ou d’une de ces peines seulement.
1 Kommentare:
Ech verstinn zwar effektiv net, firwaat en nach en Organspenderausweis brauch? Aanersaits ass et awer vlaischt net schlecht, fir d'Leit ze sensibiliséiren.(obwuehl en et jo theoretesch net misst maachen.)
Aanerersaits huet daat vlaischt och vill mat eiser Gesellschaft ze din, daat den Doud eis esou "helleg" ass, daat mir net ouni Erlabniss vun der Famill un eng Laich schneppelen gin. Wou eigentlech d'Liewen vill méi wichteg wier...
Kommentar veröffentlichen
Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]
<< Startseite