13.9.07

Franséisch schreiwen

… geet dach direkt vill besser vun Hand wann een deen een oder aner gudden Dictionnaire bei Hand huet. Nieft de Klassiker op Pabeier (oder CD) ginn et haut awer och eng Rei interessant Wierker um WWW. Ech hu mol déi pur (a méngen Aan) interessantst erausgepléckt:

Fir unzefänken fënnt een um Site vum CNRTL ganz praktesch Synonyms- an Antonymsdictionnairen. Manner praktesch, mee dofir ëm sou méi amüsant ass d’3d-Visualisatioun vu Proximitéitsgraphen:


Op der selweschter Plaz fënnt een och d’online-Versioun vun engem Dictionnaire dee séngem Numm all Éier mécht: den Trésor de la Langue Française. Weem dat alles ze neimoudesch ass, fënnt am Littré säi Gléck. Do kritt een dann och e pur Kuriositéiten vun deemols präsentéiert.

Wee sech a sénger Alldagskorrespondenz net ëmmer sëcher fillt deem hëlleft de Guide de rédaction, deen eis Regierung sou fein woar an Opdrag ze ginn, bestëmmt weider. Do fënnt een nieft Orthographe, Grammaire an Typographie och vill Ausdréck a Rotschléi fir (administrativ) Bréiwer an aner Schrëftstécker proper op d’Blat ze bréngen.

An zum Schluss nach e klenge Fernsehtipp: Merci, Professeur !
(Merci un d’bà2b™ fir den Tip.)

(Sou, déi Bookmarks gi mer dann och net méi verluer! =))

Labels: ,

9.6.07

SAY WHAT AGAIN

Labels:

Echt Kapitälchen

Kapitälchen (Small capitals op Englesch) sinn — graff gesot — verklengert Groussbuschtawen. Allerdings gëtt et méi dozou ze soen wéi et am Writer oder dem Word den Uschäin huet. Do ass d’Resultat nämlech zimlech onspektakulär:
Nieft dem ze enken Textsaz deen d’Liesen erschwéiert, gesäit et och nach ongläichméisseg aus well déi kleng Buschtawen vill ze reng sinn am Verglach zu deene groussen.
Déi eenzeg qualitativ héichwerteg Léisung besteet doran e separate Schrëftschnëtt fir d’Kapitälchen ze benotzen. Speziell fir déi leider vill zevill verbreeten a benotzten Textveraarbechtungsprogrammer¹ heescht dat dass een den integréierten Kapitälcheneffekt onbedingt évitéire muss wann ee gären e propert Resultat hätt. Mat enger richteger Small Caps-Schrëft gesäit et dann sou aus:
Leider falen sou Schrëften an de Profiberäich an nëmmen déi manste si gratis ze kréien. Mee et ginn der!² Zum Beispill déi schwongvoll an elegant Fontin vum Jos Buivenga. Hei ass e klenge Pangramm als Schrëftprouf³:

Fir Linux ass d’TrueType-Format am onproblemateschsten. Si huet och all d’Zeechen déi néideg si fir Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch a Spuenesch korrekt ze schreiwen. Bei malteseschen Touristenattraktiounen muss se awer passen (an den OpenOffice léint sech en Ħ an e ġ aus enger anerer Schrëft):


¹ Ironescherweis si meng Screenshots trotzdem am OpenOffice Writer entstanen. Hei ass e klenge Verglach tëscht OpenOffice a LaTeX.
² D’Schrëft aus deenen zwee éischte Screenshots ass awer net d’Fontin. Mee op d’Schrëft aus de Screenshots kommen ech nach zeréck. Vläicht erkennt oder erréit jo een se…
³ Et gëtt kee fett-kursive Schnëtt vun der Fontin. Trotzdem erlaabt den OpenOffice se fett-kursiv ze setzen. D’Resultat ass awer einfach eng künstlech geneigte Versioun vun der Fetter! Imaginär Schrëften uweisen: rem e Grond méi Textveraarbechtungen ze évitéiren wou et nëmme geet.

Labels: ,

30.5.07

Typographie

Ënnert Typographie versteet een d’Konscht en Text interessant, elegant a virun allem lieserlech ze gestalten andeems een engersäits fir e gudde Layout suergt (Makrotypographie) an anerersäits eng Rei Feinheeten am Text selwer bëuecht (Mikrotypographie). Als Hobby ass et net ongeféierlech: et entsteet ganz séier e gestéiert Verhältnis zu Dageszeitungen (well de redaktionelle Stress et scheinbar net erlaabt d’Texter nach eng Kéier ze iwwerliesen.)

Oft gesäit ee Feeler bei den Anführungszeechen, „rit“ Apostrophen, keen Espace virun den Doppelpunkten (am Franséischen), feelend Accenten op de Groussbustawen, falsch Ofkierzungen an nach vill aner Saachen.

Ween den Éiergäiz huet e méiglechst korrekten Text ze produzéiren, fënnt am Internet méi wéi genuch Siten an Dokumenter déi deem Thema gewidmet sinn. Ech hu mol déi a méngen Aan interessantst Aféirungstexter erausgesicht:

Däitsch
typokurz ass eng Iwwersiicht vun de wichtegste Begrëffer a Regelen déi am Däitschen üblech sinn. Ergänzend kann een am relativ kompletten Typolexikon Begrëffer noschloen. Wat Webdesign ugeet, sou schéngt mer dëse Site e gudden Iwwerbléck ze ginn iwwert alles Wëssenswertes.

Franséisch
Am Franséische gëtt et virun allem déi ganz flott petites leçons de typographie vum Jacques André. Ween et léiwer méi kuerz huet, fënnt e Résumé vun deene wichtegste Regelen op dësem Site. (D’Buch aus deem déi Regelen zitéiert sinn kann ech iwwregens nëmme recommandéiren!)

Englesch
E ganz schéi präsentéierten engleschen Text ass den Typography Primer vun Adobe, mee leider geet deen net souvill op déi praktesch Detailer an wéi den typokurz oder d’Leçons.

An no der Lecture kann een direkt ufänken mat trainéiren ;-)

Ee vun de wichtegsten Tipps iwwerhaapt ass awer ganz kloer d’Textveraarbechtung op déi richteg Sprooch anzestellen ir een ufänkt mat schreiwen. Da profitéiert een net nëmme vun enger (oberflächlecher) Rechtschreibkorrektur, mee eng Rei typographesch Regelen ginn automatesch applizéiert!

Labels:

25.7.06

LaTeX-Schrëften

Dass LaTeX net nëmme seng eege Computer Modern-Schrëfte benotze kann ass jo bekannt. Et ginn eng ganz Rei Packages fir d’Textschrëften ze änneren. Méi kriddleg gëtt et allerdings wann een och wëll d’Mathésschrëfte wiesselen. An der Free Math Font Survey ginn eng ganz Rei interessant Alternativen virgestallt déi et sech lount eng Kéier auszeprobéiren.

Labels: ,

18.7.06

LaTeX vs OpenOffice Writer vs Scribus

Dëse klenge Verglach soll den Ënnerscheed weisen tëscht exzellenten Textëmbrochalgorithmen (LaTeX) engersäits a brauchbaren (Scribus) respektiv schappegen (Writer, Word) anerersäits. Dofir hunn ech dräi kleng Test-PDFe präparéiert (PDF1, PDF2, PDF3). Fir ze vergläichen kann een déi dräi Dateien a separate Vieweren opzeman, jeweils Fit Page oder Fit Width astellen an dann mat Alt-Tab hin an hir wiesselen. Nach besser ass et natirlech déi dräi Dateien op engem anstännege Printer ze printen. Ech mengen et misst relativ séier kloer ginn wéi eng Datei déi typografesch bescht ass a wou d’Haaptënnerscheeder leien.

Iwwregens, den Text ass den Ufank vum Kleist séngem Michael Kohlhaas. Ech hunn eppes Däitsches gewielt, well déi relativ laang Wierder d’Opdeelung an Zeilen méi schwiereg misst man. Fir fair ze bleiwen ass de Layout all Kéiers identesch agestallt, och wann et onerklärlech Ofweichungen am Resultat ginn. D’Schrëft ass d’Latin Modern a Gréisst 10.

Ech konnt leider keng Testdatei am Word man (hunn dee Programm net, a wëll en och net). Trotzdem weess ech dass deen déi selwescht elementar Algorithme benotzt wéi den OpenOffice, an d’Resultat grad sou schlecht ass. Et ass traureg dass ee verschiddene Bicher schon um Zeilenëmbroch ofgesäit dass se am Word entstane sinn.

Labels: , ,

2.12.05

Nach en exzellente LaTeX Tutorial

Ech si begeeschtert. Bis elo woar mer nëmmen dem Tobi Oetiker seng The not so Short Introduction to LaTeX2e (PDF) bekannt. (Ech schwätze lo just vu gréisseren Tutorials mat 3-stellege Säitenzuelen.)

Mee wann den Inhalt vum Prof. Dr. Dr. Thomas F. Sturm senger Einführung in das LaTeX-Textsatzsystem (PDF) och nëmmen hallef sou gutt ass wéi d’technesch Ëmsetzung, dann ass dat a must-have fir all LaTeX-Ufänger!

Labels: ,

26.5.05

E brauchbare Unicode Font

Heiansdo wir et jo net schlecht eng Schrëft ze hunn déi relativ komplett ass, dat heescht net nëmmen e winzegen Deel vum Unicode enthält. E Set vun 3 Schrëften dee fir vill Zwecker — wann net sougur déi meescht — durgeet sinn d’Free UCS Outline Fonts. Dee Set besteet aus FreeSans, FreeSerif a FreeMono. Déi enthalen all Kéiers alles(?) fir europäesch Sprooche korrekt kënnen durzestellen, den International Phonetic Alphabet, mee och Arabesch, Hebräesch an nach vill anerer. Wat ech perséinlech besonnesch wichteg fannen ass dass immens vill mathematesch Symboler dran enthale sinn, insbesondere de ganze (La)TeX-Répertoire.
Hei e klenge Beispillscreenshot.

D’Fonts ginn et als TrueType an als OpenType. D’Lizenz ass d’GNU GPL.

Labels:

25.5.05

« LE CRIMINEL SERA JUGE »

oder awer « LE CRIMINEL SERA JUGÉ » ? Ween huet net mol eng Kéier héiren — oder ass et an der Schoul geléiert ginn — dass een am Franséischen keng Accenten op Groussbustawe mécht? Dee Blödsinn geet allerdings just op d’Aféirung vun de Schreifmaschinnen oder de Beliichtungsmaschinen zeréck déi, wéinst hiren Ursprungslänner, oft keng Méiglechkeet haten Accenten op Groussbustawen ze setzen. Dat ass hautesdags awer komplett irrelevant, an deemno och falsch. Laut der franséischer Imprimerie nationale gëtt et (an där Hinsiicht) keen Ënnerscheed tëscht Kleng- a Groussbustawen. (A jo, dat heescht och dass een « À » an net « A » schreift!)

A wee wësse wëll firwat déi Accenten eigentlech gutt sinn, dee kann et op L’accent tué ou l’accent tue ! erausfannen.

Labels:

28.4.05

D’Computer Modern Schrëften ausserhalb vum (La)TeX benotzen

… ass gur net sou evident, hunn ech mol festgestallt. An dat alles wéinst engem blöden „Travail“ an der Philo (wat een dach net alles un iwwerflëssege Pflichtfächer huet …). Et ass mer drëm gaangen déi ganz Famill (souwäit méiglech) vunn den CM-Schrëften am Inkscape, Scribus an OpenOffice.org (Writer, Draw) kënnen ze benotzen, mee dann huet een et souwisou systemwäit um Lafen. (Ech misst vläicht präziséiren, dass dat hei wuel zum Deel GNU/Linux-spezifesch ass.) Well ech déi hei Saache wuel dach net laang géif verhalen, schreiwen ech se alt op meng Blog ;-)

Ganz séier hunn ech mol Applied Symbols fonnt, wou d’CM-Schrëften, mee och eng Mathésschrëft, d’UniMath ugebuede ginn. Et si jeweils Type 1-Schrëften déi Unicode-codéiert sinn. Mee well hei Suë fir eppes gefrot gi wat zum gréissten Deel vu Fräiwëllegen geschafe ginn ass, schéngt dat mer keng optimal Léisung ze sinn. D’UniMath ass awer relativ interessant muss ech soen.

Als nächst hätt een dann d’Computer Modern Unicode Schrëfte vum Andrey V. Panov. Den éischte Problem deen ech begéint hunn: dat méi modernt OpenType-Format fonktionnéiert zwar wonnerbar am ganze KDE, an och am Scribus, mee den OpenOffice.org erkennt se net (zumindest den 1.1.4). Mat den Type 1-Variante vun de selweschte Schrëfte fonktionnéiert et awer wonnerbar. Et huet een e komfortable Subset vu Unicode fir westlech Sproochsystemer, mee leider feelen all d’mathematesch a sonsteg Symboler. Déi pur üblech CM-Ligaturen, wéi (amplaz fi), oder (amplaz ffl), sinn awer grad sou enthale wéi d’Oldstyle Numerals. Verschidden Design-Gréissten oder richteg Small Capitals ginn et awer leider keng.

Eng drëtt Méiglechkeet sinn d’Latin Modern Schrëften déi eng komplett Re-Implementatioun vum ganzen CM-Set sinn, mat der Zielsetzung, laangfristeg déi vun der AMS gesponsort (an inkomplett: keng accentuéiert Zeechen) Type  1 Schrëften ze ersetzen. Hei gëtt et och eng Type  1 an eng OpenType Variant. Verschidden Design-Gréisste sinn awer dës Kéier grad sou enthalen, wéi d’Small Capitals. Iwwerhaapt ass dee Package relativ komplett a vu (ganz) gudder Qualitéit.

Leider huet vunn deenen dräi genannte Packages just dee komerziellen d’mathematesch Symboler. Déi sinn dann awer Unicode-codéiert, sou dass d’Benotzung (fir mol Diagrammen ze beschrëften oder sou) relativ gutt misst klappen.

Eng lescht Léisung sinn d’CM-Super Schrëfte vum Vladimir Volovich. Et ass eng automatesch Ëmwandlung vun den Original-Metafont Schrëften. D’Sammlung ass extrem komplett an huet e pur honnert (!) Font-Dateien, mee de groussen Nodeel dass et sech net anstänneg an de KDE abënnt.

Conclusion: Latin Modern ass vun exzellenter Qualitéit a fir westlech Sprooche gutt gëeegent. Just leider fënnt ee keng (CM-baséiert a fräi verfügbar) Schrëft déi de ganze Unicode Mathematical Operators Beräich ofdeckt. Dat huet wuel domat ze dinn dass een déi Zeechen net direkt aus de Metafont-Originalen erzeuge kann, aus dem einfache Grond well et keng Originaler ginn: vill Zeeche gi vum TeX gebastelt, d.h. en „≠“ („net gläich“) gëtt aus engem „=“ an engem „/“ zesummegesat.

Ech hoffen alt just dass dësen Artikel och eng Kéier engem aneren nëtzlech ass.

Labels: , , ,