3.5.05

Vestiaire am Supermarché

Ongewéinlech: am GB zu Louvain-la-Neuve ginn et well Schief an deenen ee säi Schoulsak aspäre kann (1€ Kautioun). Genau wéi een et vläicht aus enger Schwämm (oder enger vun eise Bibliothéike) kennt. Ob dat allerdings gutt ukënnt bezweiflen ech mol. An zu LLN gëtt et och en Delhaize …

2 Kommentare:

Am/um 03.05.05, 18:10 , Anonymous Anonym meinte...

Dat hun ech och schon am MediaMarkt zu Tréier gesinn an gett ët wéll och schons am Auchan um Kierchbierg. Am Promarkt an der Staad hun fréier missten d'Schüler hir Rucksäck an d'Entrée léen fir kënnen eran; do ass schon méi wi een sou verschwonn. Do sinn di Schiëf nach eng besser Iddi.

 
Am/um 03.05.05, 18:32 , Blogger Tuxophil meinte...

Ah sou, dat am Auchan ass mer nach nie opgefall. Mee do sinn ech meeschtens ouni Rucksak ënnerwee.

Am GB haten se fir eng Woch e Container wou een d’Rucksäck sollt dra man. An den éischten Dag stoung e Sëcherheetsbeamten donieft deen da jidderengem gesot huet e soll säi Sak dodra leeën, hee géif oppassen.

Mee wa kee Sëcherheetsbeamten do woar huet natierlech kee säi Sak hirginn …

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite