28.4.05

D’Computer Modern Schrëften ausserhalb vum (La)TeX benotzen

… ass gur net sou evident, hunn ech mol festgestallt. An dat alles wéinst engem blöden „Travail“ an der Philo (wat een dach net alles un iwwerflëssege Pflichtfächer huet …). Et ass mer drëm gaangen déi ganz Famill (souwäit méiglech) vunn den CM-Schrëften am Inkscape, Scribus an OpenOffice.org (Writer, Draw) kënnen ze benotzen, mee dann huet een et souwisou systemwäit um Lafen. (Ech misst vläicht präziséiren, dass dat hei wuel zum Deel GNU/Linux-spezifesch ass.) Well ech déi hei Saache wuel dach net laang géif verhalen, schreiwen ech se alt op meng Blog ;-)

Ganz séier hunn ech mol Applied Symbols fonnt, wou d’CM-Schrëften, mee och eng Mathésschrëft, d’UniMath ugebuede ginn. Et si jeweils Type 1-Schrëften déi Unicode-codéiert sinn. Mee well hei Suë fir eppes gefrot gi wat zum gréissten Deel vu Fräiwëllegen geschafe ginn ass, schéngt dat mer keng optimal Léisung ze sinn. D’UniMath ass awer relativ interessant muss ech soen.

Als nächst hätt een dann d’Computer Modern Unicode Schrëfte vum Andrey V. Panov. Den éischte Problem deen ech begéint hunn: dat méi modernt OpenType-Format fonktionnéiert zwar wonnerbar am ganze KDE, an och am Scribus, mee den OpenOffice.org erkennt se net (zumindest den 1.1.4). Mat den Type 1-Variante vun de selweschte Schrëfte fonktionnéiert et awer wonnerbar. Et huet een e komfortable Subset vu Unicode fir westlech Sproochsystemer, mee leider feelen all d’mathematesch a sonsteg Symboler. Déi pur üblech CM-Ligaturen, wéi (amplaz fi), oder (amplaz ffl), sinn awer grad sou enthale wéi d’Oldstyle Numerals. Verschidden Design-Gréissten oder richteg Small Capitals ginn et awer leider keng.

Eng drëtt Méiglechkeet sinn d’Latin Modern Schrëften déi eng komplett Re-Implementatioun vum ganzen CM-Set sinn, mat der Zielsetzung, laangfristeg déi vun der AMS gesponsort (an inkomplett: keng accentuéiert Zeechen) Type  1 Schrëften ze ersetzen. Hei gëtt et och eng Type  1 an eng OpenType Variant. Verschidden Design-Gréisste sinn awer dës Kéier grad sou enthalen, wéi d’Small Capitals. Iwwerhaapt ass dee Package relativ komplett a vu (ganz) gudder Qualitéit.

Leider huet vunn deenen dräi genannte Packages just dee komerziellen d’mathematesch Symboler. Déi sinn dann awer Unicode-codéiert, sou dass d’Benotzung (fir mol Diagrammen ze beschrëften oder sou) relativ gutt misst klappen.

Eng lescht Léisung sinn d’CM-Super Schrëfte vum Vladimir Volovich. Et ass eng automatesch Ëmwandlung vun den Original-Metafont Schrëften. D’Sammlung ass extrem komplett an huet e pur honnert (!) Font-Dateien, mee de groussen Nodeel dass et sech net anstänneg an de KDE abënnt.

Conclusion: Latin Modern ass vun exzellenter Qualitéit a fir westlech Sprooche gutt gëeegent. Just leider fënnt ee keng (CM-baséiert a fräi verfügbar) Schrëft déi de ganze Unicode Mathematical Operators Beräich ofdeckt. Dat huet wuel domat ze dinn dass een déi Zeechen net direkt aus de Metafont-Originalen erzeuge kann, aus dem einfache Grond well et keng Originaler ginn: vill Zeeche gi vum TeX gebastelt, d.h. en „≠“ („net gläich“) gëtt aus engem „=“ an engem „/“ zesummegesat.

Ech hoffen alt just dass dësen Artikel och eng Kéier engem aneren nëtzlech ass.

Labels: , , ,

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite