8.4.05

Panorama-Biller

Ëmmer rëm gesäit ee schick Panorama-Biller déi aus enger ganzer Rei eenzelne Fotoen zesummegesat goufen. Well ech och eng Digitalkamera hunn, wollt ech dat och mol probéiren. Dat Ganzt ass gur net mol sou schwéier. Zutaten: autopano-sift, enblend, hugin.

Dat kléngt elo scho relativ komplizéiert, ass et awer net. Autopano-sift ass e Programm dee “Control Points” bestëmmt. Dat si markant Punkten (z.B. en Eck vun engem Gebai) déi op e pur Fotoe virkommen an déi noutwendeg si fir d’Bild richteg kënnen zesummenzesetzen. Enblend ka Biller „zesummebitzen“, mee dofir muss e genau wësse wat wouhi gehéiert. An do kënnt de wichtegste Programm an d’Spill, den Hugin. Hugin ass als alleréischt mol eng grafesch Oberfläch fir autopano-sift (oder den autopano) an enblend. Doran definéiert een d’Kontrollpunkten, respektiv et korrigéiert een, falls néideg, déi automatesch generéiert vum autopano. Da léist een dat Ganzt „optiméiren“ (Parametere gi verännert bis alles beschtméiglech iwwerteneepasst). Als leschte Schrëtt mussen d’Fotoen ëmgerechent ginn a korrekt zesummegepecht ginn. Dëse sougenanntene “Stitching” iwwerhëlt wéi gesot den enblend. Komplett Tutorials ginn et op der Hugin-Säit.

Den Hugin ass grad wéi déi aner Programmer fräi Software, an ass fir GNU/Linux (a wuel och fir *BSD), mee och fir Mac OS X a Windows verfügbar. Och wann en op den éischte Bléck liicht oniwwersiichtlech wierkt, gewinnt ee sech awer ganz séier drunn an et kann ee bequem domat schaffen. Den eenzegen Hoken ass, dass déi Versioun déi ech asetzen (Hugin 0.5beta3) extrem instabil ass an oft crasht. Oft späicheren ass also néideg :-(

Ofschléissend mäin éischte Versuch:

Ech sinn allerdings selwer erstaunt wéi gutt et ginn ass (ofgesi vun den zerschniddene Leit) obschons ech weder d’Belichtung manuell agestallt hunn (fir se konstant ze halen) nach besonnesch dono gekuckt hunn d’Kamera exakt rondrem hir Achs ze dréien. Dee Panorama ass iwwregens aus 13 eenzelne Biller zesummegesat.

Labels: ,

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite