12.4.05

Inpainting mat GREYCstoration

Säit nach net allzelaanger Zäit interesséire sech eng ganz Rei Leit fir d’GREYCStoration-Library vum David Tschumperlé. Mee net fir näicht! Et handelt sech ëm eng héichqualitativ Programmbibliothéik déi et erméiglecht Biller ze restauréiren, ze „enhancen“, oder sougur ouni groussen Opwand Objekter aus engem Bild erauszeretouchéiren. Et ass dat leschtgenanntent, oder méi präzis de sougenanntenen „Inpainting“, dat mech besonnesch faszinéiert. Dobäi ginn Deeler vun engem Bild déi eigentlech feelen (z.B. well een e Schrëftzug, oder soss eppes, aus dem Bild geläscht huet) „beschtméiglech“ ergänzt, an zwar op Basis vun deem wat rondrem ze gesinn ass.

Et kéint ee jo mengen dass dat, well et jo theoretesch gesinn onméiglech ass, kaum zu akzeptable Resultater féire kéint, mee d’Beispiller iwwerzeegen ee vum Géigendeel. Ech erlabe mer mol ganz einfach e Beispill ze „zitéiren“:

(Falls d’Biller irgendwann feelen, informéiert mech wann ech gelifft.)


Net schlecht wat ee mat PDEs alles sou maache kann. Ech jiddefalls kann et kaum nach erwoarden déi Funktionalitéit am Gimp ze hunn. Digikam a Krita schéngen do allerdings scho méi wäit ze sinn: den nächsten Digikam (0.7.3) wäert et als Plugin matbréngen, während de Krita et am Programm selwer integréiert. Beim Gimp wäert et wuel nach e bëssen daueren bis de Plugin normale Bestanddeel vum Gimp ass.

Labels:

2 Kommentare:

Am/um 13.04.05, 09:29 , Anonymous Anonym meinte...

Ass interessant, mä wärt awer nach eng Zäitchen daueren, bis een dat sériö kann benotzen. Besonnesch dat Bild mat der Eil weist, dann bei komplexen Texturen d'Opfëllen nach net realistesch wirkt.

 
Am/um 13.04.05, 14:17 , Blogger Tuxophil meinte...

Jo, perfekt ass et net, mee ech bezweifelen dass et nach vill verbessert ka ginn. Ëmmerhin feelen déi quadratesch Bildausschnëtter komplett. Alleng dass d'Aan vun der Eil quasi vollstänneg errode ka ginn ass scho beandrockend.
A Kombinatioun mam Clone-Tool (am Gimp) dierft et da relativ einfach sinn beliebeg Saachen aus Biller ewesch ze retouchéiren.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite