29.6.05

« Self Caisse » am GB

Et gëtt jo ëmmer besser am GB zu Louvain-la-Neuve. Elo ginn d’Caissièren ofgeschaaft. Et gëtt just nach eng „richteg“ Keess, an déi aner Caissièren sinn domat beschäftegt de Leit bäizebréngen hir Artikele selwer ze scannen. Si hunn dofir well Keessenautomaten déi engem erklären (per Sproochausgab) wat ee maache soll. Et ass awer net grad sou einfach wéi ee menge kéint: d’Flieessband schéngt d’Artikelen ze weien (net dass ee just mécht wéi wann een den Artikel gescannt hätt …). An dat ass dann och prompt schief gaangen well ech meng Vittelsfläsch gestallt hunn an net geluecht. D’Band ass viru gelaf, dobäi huet d’Fläsch gewackelt an ass falsch gewie ginn.

Wann awer alles bis gescannt ass geet et. Et muss ee just nach wiele wéi ee bezuele wëll (an dat dann och man). Mee Mënzen ageheien ass dann awer relativ lästeg. An ech sinn och direkt gewarnt ginn (vun der Caissière aus Fleesch a Blutt) dass, wann ech eng Kéier mat Schäiner a Mënze gemëscht bezuele wéilt, als éischt misst d’Mënzen ageheien an dann réischt d’Schäiner. Et géif mech interesséiren wat dobäi rauskënnt wann een dat falsch mécht.

Et kann och gutt sinn dass et ee vun den éischte GBen ass wou dat elo getest gëtt, well ëmmerhinn hu se zu LLN jo eng immens jonk Clientèle déi wahrscheinlech relativ gutt domat eens wäert ginn.

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite