2.7.05

Wow, 1 VW-PS sinn 0,91 reell PS

Ech si platt — einfach nëmme spraachlos. Wéi onverschimmt Volkswagen d’Leit anscheinend uschäisse wëll. Do heescht et bei verschiddene Modeller vum Golf z.B. „77 kW / 115 ch“. An dobäi sinn ee PS per Definitioun (!) ca. 0,735 kW. 77 kW sinn also 105 PS, kee méi a kee manner. Grad wéi 400 cm och keng 5 m sinn. Bei anere Modeller klappt et dann awer besser, do heescht et dann „77 kW / 105 ch“. Do muss wuel ee bei VW zeréck an de Lycée.

Wou mer grad dobäi sinn: an der Liewensmëttelindustrie ginn et der och déi net bis 3 ziele kënnen. Oder méi exakt bis 4,186. Well wéi do heiansdo d’Ëmrechnung vu kJ op kcal gemaach gëtt ass grad sou rätselhaft a grujeleg.

Update: Ech hat vergiess ze soen dass déi Diskrepanz bei Volkswagen Lëtzebuerg ze fannen ass. Bei Volkswagen Däitschland heescht et „85 kW / 115 PS“. Si hunn hiren Auto also net als méi stoark durgestallt (a PS), mee als ze schwaach (a kW).

6 Kommentare:

Am/um 03.07.05, 18:06 , Anonymous Anonym meinte...

Tjo, sou as daat.
So kanns de villaicht an den Settings vun dengem Blog den RSS-Feed aktivéieren?
Dann kéint ech dain Blog nämlech am Feedreader liesen,wier relativ praktesch ;)

 
Am/um 03.07.05, 20:17 , Blogger Tuxophil meinte...

„So kanns de villaicht an den Settings vun dengem Blog den RSS-Feed aktivéieren?“

Deed mer wierklech leed, mee Blogger bidd just Atom Feeds un, an deen ass aktivéiert (a fonktionnéiert). Falls dat sech awer irgendwann ännert aktivéiren ech och RSS direkt.

Ass dee „Feedreader“ dee vun feedreader.com? Dee misst awer Atom ënnerstëtzen. D’URL vum Feed ass http://tuxophilia.blogspot.com/atom.xml. (Falls dat hëlleft.)

 
Am/um 04.07.05, 16:46 , Anonymous Anonym meinte...

Salut, as net sou well dass keen RSS geet, ATOM as och gudd, main Reeder misst daat och verstoen ;)
benotzen den Feedreader deen am Deepnet Explorer integréiert as.

 
Am/um 04.07.05, 19:52 , Anonymous Anonym meinte...

Näischt géint d'Benotzer vum Deepnet Explorer (hun ech nac net kannt), mä hiren Site besteet just aus Marketingschwätz. Wat fir P2P-Netzwiërker ënnerstëtzt deen? Firwat nennen së hiren Feedreader Newsreader? Mat engem Newsreader liëst een dach am Usenet. Op wéi enger Render Engine baséiert de Browser? Së wärte jo wuël kaum hir eegen hun.

Iwwregens zu RSS & Co.: ech fannen dee Feature (ass bei mengem Site jo och dobäi) u sëch ganz flott, mä benotzen ën iwwerhaapt net. Hat dat eng Kéier probéiert mat enger Dozen Feeds; ech gin trotzdem léiwer op den Originalsite. Do geet ët mer wahrscheinlech sou wi deenen, di och léiwer an engem Webforum posten wi an enger Newsgrupp um Usenet, wat ech awer léiwer machen. Apropos, kuckt mol an alt.letzebuerger laanscht ;)

 
Am/um 05.07.05, 12:37 , Anonymous Anonym meinte...

Jo bon, den Deepnet as net sou daat gielt vum Ee, mee haat den éierens gesin an wollt deen eben testen ;)
Zu RSS: fannen daat zwar ganz praktesch, well ech alt ganz gäeren déi Siten déi ech sou besichen rem "vergiessen", an mat hellef vum RSS-Feed kann ech dann trotzdem drun "denken" an keen verpassen ;)
Hun zwar och schon mat den aaneren Feedreaderen schlecht Erfahrungen gemach, an zwar dass vun enger Kéier op di Aaner op emol all meng gespaichert Feeds net méi do waren...jo an daat huet mech schon relativ genervt. Mee beim Deepnet schengt daat weinstens ze klappen ;)

 
Am/um 05.07.05, 21:02 , Blogger Tuxophil meinte...

Wa mer schonn off topic sinn, den Akregator (Screenshots erfëllt meng Ufuerderunge bis elo exzellent. Et ass e relativ jonke Programm, dofir vläicht e bësse simplistesch, mee ech fannen en tiptop.
Mee anerersäits ass et den éischte feed reader iwwerhaapt den ech benotzen, sou dass ech net wierklech vergläiche kann …

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite