28.8.05

MSN — keng offline Messages?!

Wow, ech si platt. Ech hu grad mol gekuckt wat op planet.jabber.org alles sou lass ass, wou ech dann net dat hei gelies hunn:
Six Years Later
Rumors are flying that MSN may be adding support for offline messages -- only 6 years after we had that in Jabber. I'm so glad that Microsoft has the freedom to innovate!
Ass dat wierklech wouer? An da ginn et tatsächlech Leit déi MSN benotzen??? Do gesäit een zwar mol wat eng Monopolstellung am Betriebssystemberäich alles bewierkt.

Update: E Kolleg huet mer haut mol den MSN virgefouert. Shocker! Ënner anerem dee Quatsch mat de „Winks“. Dat sinn Animatiounen déi ee sénge Frënn schécke kann, an da spréngt deenen zum Beispill e Schwéngchen iwwert de Schierm. Kee Kommentar. Et erstaunt mech net dass dat zweet Google Resultat zu „winks msn“ dat hei ass: MSN Messenger FAQ > How can I disable Winks in MSN Messenger 7. An dass et keng offline messages ginn stëmmt och. De gudden alen ICQ woar also scho viru Joren dem MSN haushéich iwwerleeën. Et sief dann et zielt een d’Winks zu de Features … A grad wéi beim ICQ muss een och den MSN cracke wann een allergesch op Werbebanner ass.

1 Kommentare:

Am/um 31.08.05, 14:29 , Anonymous Anonym meinte...

Dat wosst ech zwar och nach net. Also di Fonktioun ass bei mir elementar a gett am meeschte genotzt (ICQ). Anstatt extra eng Email zë schécken, schreiwen ech der Persoun einfach eng kleng Noriicht iwwert IM.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite