23.8.05

TUX Magazine

“The First and Only Magazine for the New Linux User”, dat ass de Motto vum TUX Magazine. Wéi den Numm et schon undeit, riicht dës Online-Publicatioun sech un den „Duerchschnëtts“-Desktop User. Et ginn also flott Programmer (wéi z.B. amaroK, Digikam oder K3b) virgestallt an erklärt. Et gëtt och eng relativ grouss Sektioun mat Lieserbréifer a Q&A. Den Inhalt eegent sech och einegermoosse fir Leit déi GNU/Linux zwar net benotzen, mee sech dofir interesséiren. Vläicht zécken verschiddener jo och well se mengen GNU/Linux wir just eppes fir Über-Geeks. Dat ass allerdings net (méi) de Fall.

Ganz interessant ass och déi technesch Ëmsetzung: all Mount kann ee sech déi neisten Ausgab gratis als PDF eroflueden (allerdings muss ee sech eemoleg registréiren). D’PDF schalt automatesch an de Full Screen Präsentatiounsmodus wou een d’Zäitschrëft da bequem liese kann. Eng kleng Warnung muss awer och sinn: déi éischt Ausgab (mëttlererweil sinn der 5 eraus) hat 14 MiB! Déi aner hunn awer vernünftegt Gréissten (2–3 MiB). Erausbruet gëtt TUX Magazine iwwregens vun SSC Publishing, déi och Linux Journal erausbréngen.

Labels:

2 Kommentare:

Am/um 23.08.05, 15:00 , Anonymous Anonym meinte...

MiB? Mega(i)Byte? häh? ;)

 
Am/um 23.08.05, 15:21 , Blogger Tuxophil meinte...

Jo, jo :-) Et muss jo ee Reklam man ;-)

Als Referenz: 1 MiB = 1 Mebibyte = 2^20 Byte.
Et nervt mech einfach dass bei Hard Disken „MB“ fir 10^6 steet, bei Floppy Disks fir 1000*2^10 (!!), bei RAM fir 2^10, bei CDe fir 2^20, bei DVDe weess ech net méi, USB sticks: 1000*2^10 (!).

Dat allerbescht: wann en HDD 80GB huet an e Cache vun 2MB da sinn et dezimal GB, also 80*10^9 Byte, mee binär MB, also 2*2^20 Byte Cache.

Trivia: am „Ufank“ huet een aus dem „k“ fir 1000 einfach e „K“ fir 1024 gemaach. Dat woar schéin a gutt mee bei M, G, T, P, an E geet dat leider net…

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite