10.8.05

Data retention is no solution

Nëmmen bei konkretem Verdacht op eng Strofdod gi Leit iwwerwaacht? Als Onschëlleger hu mer e Recht op Privatsphär? Jo, mee net méi laang wann d’EU-Kommissioun hir Propos duerchgepusht kritt. Déi gesäit vir d’Telefonsverbindungsdaten (mat weem ee wéi laang telefonéiert huet), E-Mail Kontakter (weem gemailt, wéi oft, etc.) an sou weider fir ee Joer, respektiv en halleft späicheren ze loossen.

Dat ass wuel well sécher gestallt ass dass sou en Agraff och entspriechend Resultater géif mat sech zéien? “Today no verifiable statistics exist at the European level on the usage of traffic data.” heescht et dozou an engem Erklärungstext vun der Kommissioun. Selbstverständlech ginn sou Date jo och schon haut an der Verbriechensopklärung genotzt (dogéint huet jo och keen eppes, soulaang dat rechtsstaatlech einwandfrei ofleeft), well se jo souwisou iwwert e gewëssenen Zäitraum musse gesammelt ginn fir dem Client eng verifizéierbar Rechnung kënnen auszestellen. Statt elo als éischt mol eng Studie ze man op sou en eklatanten Agrëff an d’Privatsphär iwwerhaapt eppes géif brénge, schéngt d’EU léiwer Neel mat Käpp ze man.

Ween sou Hauruckmethode fir onveranwortlech hält, oder soss e gudde Grond dogéint huet, kann elo seng Meenung bei der Petitioun vum EDRI (European Digital Rights) zum Ausdrock bréngen.

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite