12.8.05

Suchtgefor

E Glanzstéck am Internet: notpron ass e ganzt flott Internetspill. Et gëlt Rätselen ze léisen fir an den nächste Level ze kommen. Kléngt langweileg, ass et awer net. D’Rätsele sinn zimlech intelligent gemaach. Si sinn anspruchsvoll, mee am Beräich vum Méiglechen. Et muss ee sech awer och drop astellen och mol d’URL manuell ze verännere fir weiderzekommen. An dat ass net gefuddelt, mee sou gewollt! Och ass Google eng ganz wertvoll Hëllef fir d’Hinweiser déi ee kritt richteg ëmzesetzen. Natirlech kéint een och no Léisunge googlen, mee domat hëlt ee sech de ganze Spaass. Bei dësem Spill méi wéi bei all anerem.

Vill Spaass!

Ech hunn haut mol Levelen 1–7 absolvéiert.

Update: Ech si richteg stolz. Level 8 och gepackt. :-)

2 Kommentare:

Am/um 12.08.05, 13:11 , Anonymous Anonym meinte...

Ech hat ët firun engem halwen Joër bis zum 70. Level oder sou gepackt, mä hun ët dunn ower opginn. Natierlech hun ech missten fuddelen (level guides an sou), wéll fir verschidden Saachen een och eppes vum amerikaneschen Lokalkolorit kenne muss.

Dat misst een mol op lëtzebuergesch maachen; ech mengen do kënnt mer eng Iddi ;)

 
Am/um 13.08.05, 11:32 , Blogger Tuxophil meinte...

Dat mam amerikaneschen Afloss erstaunt mech awer e bëssen, well ëmmerhinn ass et vun engem Däitschen ausgeschafft ginn…

Egal, bis Level 70 wäert ech wuel nach e bësse brauchen. Mee op Lëtzebuergesch wir effektiv cool. Dat blogs de jo da wann et prett ass ;-)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite