31.12.05

Schaltsekonn

Dass sou eng hënt bäigefléckt gëtt misst jo mëttlererweil jidderee matkritt hunn. Wat awer direkt d’Fro opwerft wat dann elo GNU/Linux dozou seet. Weist deen déi ominös Sekonn 23:59:60 UTC tatsächlech un? Leider ass d’Äntwert jein. Jo, wann een als Zäitzon /usr/share/zoneinfo/right/Europe/Luxembourg astellt, mee dat ass mat Schwieregkeete verbonnen. Wann een allerdings en alternative Wee geet misst et méiglech sinn, well C weess dass et Schaltsekonne ginn.

Am Normalfall ass d’Äntwert awer leider Nee. Mee wéi kënnt et dass eng Programméiersprooch aus de 70er sou eppes kennt, mee och de modernste Unix net? (Zur Erënnerung: C ass entwéckelt ginn fir Unix ze programméiren!) Ee Wuert: POSIX.
The asctime(), ctime(), difftime(), gmtime(), localtime(), and mktime() functions conform to ISO/IEC 9899:1990 (“ISO C89”), and conform to ISO/IEC 9945-1:1996 (“POSIX.1”) provided the selected local timezone does not contain a leap-second table [emphasis added] (schamlos vun hei iwwerholl)
Den eenzege Schéinheetsfehler vum POSIX Standard? Net wierklech:
Fortunately, the POSIX rules are so outrageously dumb—for example, they require that 2100 be a leap year, contradicting the Gregorian calendar—that no self-respecting engineer would obey them. (Zitat vum DJB sénger Säit)
Wee wësse wëll wéi d’Schaltsekonn am Normalfall (also Synchronisatioun duerch den ntpd) bäigefléckt gëtt, kann dat an der Beschreiwung noliesen.

Labels:

3 Kommentare:

Am/um 01.01.06, 13:08 , Blogger Airborne meinte...

Jo jo, an dann vergesst een um eng auer op d'Funkauer ze kuken, gell? =)

 
Am/um 01.01.06, 16:19 , Anonymous Anonym meinte...

Also bei engem PC ass et souweisou egal, ech mengen déi Aueren sin dach souweisou mega ongenee. Ech wees zwar lo net wei et op anere systemer ass.

 
Am/um 01.01.06, 16:54 , Blogger Tuxophil meinte...

> ech mengen déi Aueren sin dach mega ongenee.

Dat stëmmt fir d’Hardware-Auer, mee soubal d’Betriebssystem gestart ass iwwerhëlt dat d’Auer normalerweis. An do huet een dann den Tick Counter zur Verfügung (Frequenz vun der CPU!). Dat ass zimlech exakt.

Iwwert den NTP kann dann nach d’Auer mat Time Serveren ofgeglach ginn. Duerch statistech Methoden ginn dann d’Ofweichungen rausgefiltert. Domat kënnt een an de Milli- bis Mikrosekonneberäich.

Nom Ausschalten leeft allerdings rem déi ongenee Hardware-Auer. Mee glécklecherweis ginn déi relativ präzis ëm x Sekonne vir oder no pro 24-Stonneperiod. Dat erlaabt et dann och déi (linear) Ofweichung (de „clock slew“) auszegläichen.

Mat ADSL gëtt et also keng Entschëllegung eng PC-Auer ze hunn déi méi wéi eng Sekonn falsch geet :-)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite