29.9.06

Giel Tëppelcher

E Kichelchen fir deen dee mer op Anhieb soe kann wat op där Foto hei ze gesinn ass.


Et ass d’Identifikatiounsmuster dat mäi Foarflaser op all Blat print. Wéi virun e pur Joer rauskoum, hunn déi meescht (all?) Foarflaser-Printer en agebauten Iwwerwaachungsmechanismus. Fir besser kënne géint Geldfälscher virzegoen hunn d’Printerhersteller un d’Häerz geluecht kritt op all gedrécktent Blat d’Seriennummer vum Printer drop ze schreiwen. Dass et net stéiert an op den éischte Bléck net ze erkennen ass, ginn déi Informatiounen als repetitivt gielt Punktemuster geprint.

An effektiv, mam bloussen Aan kann een déi giel-op-wäiss Informatiounen net gesinn. Wann een d’Blat awer mat enger bloer LED beliicht ass de Kontrast vill méi stoark an et kann een d’Muster erkennen. E klengen Test weist och dass déi Punkten net do sinn wann ee schwoarz/wäiss print. Déi Technik schéngt also wierklech op de Kampf géint Geldfälscher zeréckzeféiren ze sinn.

Ech muss awer och soen dass et mech zimlech stéiert dass ech an alle Liewenslagen wéi e potentielle Terrorist oder, ausnamsweis, Geldfälscher behandelt ginn. Oh, Moment, ech liese grad dass et zu ménger eegener Sécherheet ass. Dann ass gutt.

Mee zeréck zu den techneschen Aspekter: an engem relativ interessanten Artikel gëtt och gewisen wéi dat Muster am Fall vun engem Xerox Printer opgebaut ass a wéi eng Informatiounen et enthält. Iwwerhaapt fënnt een um Site vun der Electronic Frontier Foundation vill Informatiounen zu dem Thema.

Well dat Gefummels mat der bloer Luucht net sou extrem praktesch ass, hunn ech et och mol mam Scanner versicht. Am Gimp hunn ech d’Bild an CMY opgespléckt, wat jo logesch ass wann ee giel Informatioune sicht… Nach de Kontrast erhéigen, a scho kënnt dat hei dobäi raus:


Elo stéiert just nach d’Gitter dat ech ursprünglech geprint hat, dass de Fotoapparat besser fokusséiert kritt. Een Haischen ass iwregens 2cm×2cm.

5 Kommentare:

Am/um 12.10.06, 22:30 , Anonymous Anonym meinte...

Cool.

Elo patchen ech mein laster printer sou dass en dein Muster print an net meint, an brengen falsch 100€ Scheiner an Emlaaf ;)

 
Am/um 27.10.06, 13:55 , Anonymous Anonym meinte...

Nemmen 100€? Dei kanns de dach ob all Eck kaafen, dei brauchs de net ze printen ;)

Awer emol eng ganz aaner Fro:
Vu dass den Blog sech Tuxophilia nennt, kann mier hei bestemmt een Mensch soen, wei ech 1. dei nei Versioun vun Ubuntu (6.10) iwwert dei aal Versioun (6.06) driwwer kreien? Muss ech do den Image eroof lueden oder kann ech do och einfach an "apt get" Kommando ausfeieren?
An 2. wei kreien ech den dämlechen Xgl-Desktop un d'laafen? Huet do iergend een en Tip, wou et eng brauchbar(!) Installatiounsanleitung gett?!?

 
Am/um 27.10.06, 16:41 , Blogger Tuxophil meinte...

1. Jo et kann ee souwuel iwwer Internet wéi och iwwert CD updaten. Bis elo hunn ech awer nach weder dat eent nach dat anert op méngem Laptop probéiert. An dee fonktionnéiert am Moment sou gutt, dass ech mer och nach gutt Zäit wäert loossen.
2. Vläicht dës Anleitung?. Ech hunn et awer nach net probéiert. Sou immens sinn d’wakleg Fënsteren awer och alt rem net. Zemols an den default-Astellunge schéngt et total iwwerdriwwen ze sinn. (Ech hat et mat der aktueller Mandrake One Live probéiert.)

 
Am/um 28.10.06, 22:12 , Anonymous Anonym meinte...

bedankt :)

 
Am/um 28.10.06, 22:35 , Blogger Tuxophil meinte...

Da klär eis awer wéinstens op ob déi béid Saachen dann och fonktionnéiert hunn ;-)

Merci

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite