9.9.06

I ♡ trackpoints

Ech hätt zwar ni geduecht dass ech dat je eng Kéier géif behaapten, mee lo wou ech e ThinkPad hunn, huet et mech schonn intrigéiert firwat souvill Leit op hiren Trackpoint schwiren. Dofir hunn ech mol e bësse méi domat rondrem gespillt. A wat ech e méi benotze wat et mer ëmmer méi kloer gëtt datt et e Feeler woar eng Mini-Laptop-Maus ze kafen. (Gutt dass se nëmmen 9,99€ kascht huet.)

Ee vun de gréisste Virdeeler vum „Nippel“ ass ouni Zweifel dass een d’Hänn ni vum Clavier hiewe muss. Alleng schon den Zäitgewënn well een ni muss bis eriwwer op den Touchpad oder sougur bis op d’Maus ass enorm.

Dobäi kënnt dann nach dass een ni nogräife muss wéi et mat dem Touchpad de Fall ass. An zu gudder Lescht ass den Trackpoint vill méi präzis wéi een et am Ufank menge kéint. Mat e bëssen Übung klappt et da sougur sou gutt dass ee sech wonnert firwat net all Tastatur en integréierten Trackpoint huet. Leider ass de Contraire de Fall: Trackpoints sinn um ausstiewen an d’Auswiel un Notebooks mat Trackpoint gëtt ëmmer méi kleng. Et bleift just ze hoffen dass Lenovo nach laang um Trackoint festhält, zumindest an der ThinkPad-Gamme.

(Photo by shrkflickr.)

Labels:

3 Kommentare:

Am/um 09.09.06, 19:48 , Anonymous Anonym meinte...

Ech kann zwar villes vun deem wats de schreifs novollzéien, allerdings mëscht mer de Saatz "Alleng schon den Zäitgewënn well een ni muss bis eriwwer op den Touchpad oder sougur bis op d’Maus ass enorm" zwar bessen Suergen ...

 
Am/um 09.09.06, 23:30 , Blogger Tuxophil meinte...

Hmm, ok, den „enorm“ ass wuel iwwerdriwwen, mee relativ gesinn ass d’Ausso gur net mol sou falsch. Virun allem wann ee just de Cursor e bësse bewegt an eng Kéier klickt ir een rem zeréck op d’Tastatur geet.

Den Haaptpunkt ass och éischter de Comfort: et schafft sech vill méi relax wann een net all Ablack vum Clavier op d’Maus an rem zeréck wiessele muss. Et ass méi agreabel wann ee seng Hänn eng Kéier op de Clavier leet a se dann einfach do leie loosse kann.

 
Am/um 18.09.06, 23:01 , Anonymous Anonym meinte...

Tjo, ech hun der jo gesoot dass den trackpoint et voll brengt :)

Vive le thinkpad!

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite