10.9.06

Biometrie fir den Hard Disk

Eng vun de gur net mol sou onnëtze Spillereien op de ThinkPads ass den integréierte Fangerofdrocksensor. Zemols op engem Laptop ass et vu grousser Wichtegkeet seng privat a berufflech Daten ofzeséchere géint Déifstal. Bekannterweis hëlleft en normalt BIOS-Passwuert net ganz vill, well ee jo ganz einfach den Hard Disk an en anere Computer abaue kann. (Dovun ofgesinn ass e BIOS-Passwuert am Allgemengen zimlech onsécher.)

Säit e pur Joer kann een awer och en Hard Disk Passwuert festleeën wat am Hard Disk ofgespäichert gëtt (op de Magnéitplacken) an et vill méi schwéier mécht dëse Schutz ze ëmgoen — mee net onméiglech. Fir e wirklech séchere Schutz féiert nach ëmmer kee Wee laanscht eng komplett Verschlësslung vum ganzen Hard Disk (inklusiv Swap-Partitiounen).

De Clou um ThinkPad ass dass een och Fangerofdréck registréire kann déi dat Passwuert dann ersetzen. An der Praxis gesäit dat dann sou aus dass een direkt nom BIOS-Logo opgefuerdert gëtt de Fanger ze scannen. Soubal dat gemaach ass gëtt normal gestart. Falls de Fanger eng Kéier net sollt erkannt ginn (Verletzung, Sensor beschiedegt, etc.) kann een nach ëmmer mat Escape en normale Passwuert-Prompt kréien. Dat hëlleft awer nëmme wann een an der Tëschenzäit säi Passwuert net vergiess huet …

Den HDD-Schutz ass iwwregens nach laang net déi eenzeg Funktioun vum Fingerprintreader. E grousse Respekt geet un IBM/Lenovo fir déi exzellent Soft- an Hardware-Integratioun! (En informativen Artikel fënnt een op theregister.co.uk.)

Labels:

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite