Pimp my DNS
Hei e klenge Linux/*BSD-Tipp dee besonnesch fir Konqueror-User vu Bedeitung ass:
Fir e Server am Internet ze kontaktéiren muss de Servernumm als éischt an déi entspriechend IP-Adress ëmgewandelt ginn. Déi Iwwersetzung mécht den Domain Name System. Eréischt wann dat geschitt ass kann de Browser, Mailprogramm oder FTP-Client mam Server Kontakt ophuelen. Eng DNS-Offro ze man kascht awer Zäit an ass oft komplett iwwerflësseg, well déi meescht Serveren hir IP-Adress seele bis ni änneren.
De
pdnsd
ass e Proxy DNS Server mat permanentem Cache. E Servernumm deen eemol ofgefrot gouf gëtt eng Woch laang gespäichert, sou dass net all Kéiers rem Zäit verschwend gëtt. De Firefox huet en integréierten (net-)permanente Cache a profitéiert deementspriechend kaum bis guer net vun engem systemwäiten DNS-Cache. D’Konqueror-Entwéckler hu sech awer op déi traditionnell Unix-Philosophie baséiert déi beseet dass all Programm eng Saach maache soll an déi gutt. Deemno ass et um System den DNS-Caching global ze iwwerhuelen an et soll net all eenzelne Programm d’Rad nei erfannen.Hei e klengt Beispill vun zwou sukzessiven Offroe vu Google China:
$ dig google.cn | grep msecEt gesäit ee schéin dass déi zweet Offro vill méi séier ass. Deementspriechend reagéiert de Browser mat dësem Cache méi séier op Mausklicks.
;; Query time: 485 msec
$ dig google.cn | grep msec
;; Query time: 15 msec
Weider Informatiounen fënnt een op der däitscher Gentoo-Wiki.
Labels: Linux
0 Kommentare:
Kommentar veröffentlichen
Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]
<< Startseite