26.4.07

Aner Länner, aner Mathé?

Wann dëse Verglach stëmmt, dann hunn d’Englänner e klenge Problem...
Vun offizieller Säit ginn et awer schonn Erklärungsversich.

Via /.

Update: Schued, ech hunn d’500£ vum Concours net gewonnen. Dofir ginn et awer elo e pur weider Détailer fir jiddereen deen drun interesséiert ass.

Labels:

3 Kommentare:

Am/um 26.04.07, 20:58 , Anonymous Anonym meinte...

Stëmmt. Wann d'Schüler net schlau genuch sin sech duerch vill liesen selwer eppes bäizebréngen, sin se domm wéi e Lach wann se aus der Schoul kommen. Gesin ech am UK hei permanent. Déi meescht sin awer einfach ze domm fir sech selwer eppes bäizebréngen. Souvill Alkohol killt eben d'Hierzellen. (Briten a saufen kléngt wéi ee Klischee, mee dee Klischee ennertrefft dat Ganzt souguer nach.)
Ech wetten, vun 10 Schüler kéinnten der 8 Stéck net soen, wien de Pythagoras war, vu sengem Theorem mol guer net ze schwätzen. 1 hätt eventuell scho mol den Numm héiren, kéinnt a2 = b2 + c2 awer net uwenden, an ee krit d'Saach geléist. E Kolleeg vu mer huet dofir och hei an der Mathé de Studium no 2 Méint geschmass, well en gestuerwen ass vu Langweil.

 
Am/um 26.04.07, 23:02 , Blogger Mrs B. Hairpin (aka Princess of Euphor) meinte...

Tjo, kann een mer en groussen briteschen Mathematiker nennen, deen net Alan Turing heescht? An nee, den Gallois war net aus Wales! ;-)

 
Am/um 01.05.07, 19:43 , Anonymous Anonym meinte...

Salut,

Ech sin op däi Blog gestouss op der Sich no anren intressanten Letzebuergeschen Säiten. Ech sin op der Sich no puer Backlinks, géif natiirlech gären e Link vun denger Säit bei mech setzen, falls Interet besteet. Sorry nach eng Kéier vue datt dese Post aus dem Kontext ass...
Mat beschte Gréiss

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite