12.6.07

Layout-Ierger

Haut hunn ech erschreckt festgestallt dass en nëmmen e pur Wochen aalt OpenDocument schonn net méi perfekt durgestallt gëtt. Besonnesch schlëmm woar dass eng Tabell déi ursprünglech nach perfekt ënnen op eng Säit gepasst huet neierdéngs an zwee gespléckt gëtt.

Den exakte Grond dofir kennen ech net, mee et huet sécherlech domat ze dinn dass
  • et op engem anere Computer mat anerer Distributioun ass,
  • déi Distributioun eng aner OpenOffice-Versioun huet,
  • grad wéi eng aner Freetype-Versioun,
  • an eng aner Versioun vum Printer-Driver (och wann dat mëttlererweil am OpenOffice keen Afloss op de Layout méi dierft hunn).
Mee leider limitéiert dee Phänomen sech kengesfalls op den OpenOffice. Och de Word ass berühmt-berüchtegt fir seng „Flexibilitéit“ wat de Layout ugeet. Sougur bei LaTeX kann an ongléckleche Fäll en Update vun engem Package oder de Wiessel vun latex+dvips op pdflatex zu aneren Zeilen- an domat och Säitenëmbrëch féiren.

Trotz ISO-genormtem OpenDocument ginn et zevill Variablen déi méi oder manner subtil Auswierkunge kënnen hunn, sougur wann een nominell de selweschte Programm benotzt. Konklusioun: et féiert näicht laanscht PDF, sougur wann d’Dokument schonn a pur Méint all Relevanz verléire wäert. Et muss ee just oppassen dass och all d’Schrëften an der PDF embedded sinn, soss huet ee fréier oder spéider och domat Ierger…

Labels:

2 Kommentare:

Am/um 13.06.07, 19:20 , Blogger mach2.02 meinte...

En Dokument als PDF ofspaicheren ass natierlech eng ganz gudd Leisung wann d'Dokument defintiv ass. Falls een awa am gaang ass eng Aaarbescht ze schreiwen dei sech iwert e puer Joer hinzitt (wei zB eng Doktorthese iwert 3 bis 6 Joer) ass dei Leisung natierlech manner praktesch. Dann ass et schon nervlech wann een muss um Enn dei Saachen dei een am Ufang geschriw huet nei an Form setzen.

Mee du hues natierlech recht dass och anner Programmer dei Problemer hun. Aus menger perseinlecher Erfahrung eraus hun ech d'Impressioun wei wann den Word do e bessi manner Problemer mescht. Mee daat ass eng reng subjektiv Impressioun.

 
Am/um 13.06.07, 20:01 , Blogger Tuxophil meinte...

An nach manner Problemer mécht LaTeX. An am mansten eng englesch ASCII-only Textdatei ;-)

Mee mol seriö. Dat wichtegst ass dass een den Inhalt souwäit wéi méiglech vum Ausgesinn trennt. De LaTeX zwéngt engem dat quasi op, mee och mat Textveraarbechtungen ass dat méiglech. Sou ass zum Beispill de „Stylist“ de Grond firwat den OpenOffice Writer de Word ëm Längte klappt wat de Confort ugeet, zemols wann d’Dokument méi wéi zwou Säiten huet. Leider wëssen déi manste Leit vun deene Méiglechkeeten, well Textveraarbechtungen, mee besonnesch de Word, ee richteg encouragéiren en Dokument visuell amplaz semantesch ze formatéiren. (De Computer ass jo schliesslech do fir engem d’Aarbecht ofzehuelen! Mee dofir muss en éischtens wëssen wou d’Iwwerschrëfte sinn, an zweetens wësse wéi se ausgesi sollen.)

Wat Aarbechten iwwert e längeren Zäitraum ugeet: ëm de Layout këmmert ee sech jo souwisou nëmmen zweemol: eng Kéier ganz am Ufank wann een eng provisoresch Versioun vun de Styles erstellt, an eng Kéier ganz zum Schluss wann een e pur Abschnitter minimal zesummequëtscht oder an d’Längt zitt fir d’Säitenëmbrëch an d’Platzéirung vun de Figuren ze optiméiren.

Wee sech langweilt: Why Word is a terrible program (speziell d’Sektiounen „Semantic editing“ an „Alternatives to Word“).

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite