9.6.07

Echt Kapitälchen

Kapitälchen (Small capitals op Englesch) sinn — graff gesot — verklengert Groussbuschtawen. Allerdings gëtt et méi dozou ze soen wéi et am Writer oder dem Word den Uschäin huet. Do ass d’Resultat nämlech zimlech onspektakulär:
Nieft dem ze enken Textsaz deen d’Liesen erschwéiert, gesäit et och nach ongläichméisseg aus well déi kleng Buschtawen vill ze reng sinn am Verglach zu deene groussen.
Déi eenzeg qualitativ héichwerteg Léisung besteet doran e separate Schrëftschnëtt fir d’Kapitälchen ze benotzen. Speziell fir déi leider vill zevill verbreeten a benotzten Textveraarbechtungsprogrammer¹ heescht dat dass een den integréierten Kapitälcheneffekt onbedingt évitéire muss wann ee gären e propert Resultat hätt. Mat enger richteger Small Caps-Schrëft gesäit et dann sou aus:
Leider falen sou Schrëften an de Profiberäich an nëmmen déi manste si gratis ze kréien. Mee et ginn der!² Zum Beispill déi schwongvoll an elegant Fontin vum Jos Buivenga. Hei ass e klenge Pangramm als Schrëftprouf³:

Fir Linux ass d’TrueType-Format am onproblemateschsten. Si huet och all d’Zeechen déi néideg si fir Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch a Spuenesch korrekt ze schreiwen. Bei malteseschen Touristenattraktiounen muss se awer passen (an den OpenOffice léint sech en Ħ an e ġ aus enger anerer Schrëft):


¹ Ironescherweis si meng Screenshots trotzdem am OpenOffice Writer entstanen. Hei ass e klenge Verglach tëscht OpenOffice a LaTeX.
² D’Schrëft aus deenen zwee éischte Screenshots ass awer net d’Fontin. Mee op d’Schrëft aus de Screenshots kommen ech nach zeréck. Vläicht erkennt oder erréit jo een se…
³ Et gëtt kee fett-kursive Schnëtt vun der Fontin. Trotzdem erlaabt den OpenOffice se fett-kursiv ze setzen. D’Resultat ass awer einfach eng künstlech geneigte Versioun vun der Fetter! Imaginär Schrëften uweisen: rem e Grond méi Textveraarbechtungen ze évitéiren wou et nëmme geet.

Labels: ,

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite