30.5.07

Typographie

Ënnert Typographie versteet een d’Konscht en Text interessant, elegant a virun allem lieserlech ze gestalten andeems een engersäits fir e gudde Layout suergt (Makrotypographie) an anerersäits eng Rei Feinheeten am Text selwer bëuecht (Mikrotypographie). Als Hobby ass et net ongeféierlech: et entsteet ganz séier e gestéiert Verhältnis zu Dageszeitungen (well de redaktionelle Stress et scheinbar net erlaabt d’Texter nach eng Kéier ze iwwerliesen.)

Oft gesäit ee Feeler bei den Anführungszeechen, „rit“ Apostrophen, keen Espace virun den Doppelpunkten (am Franséischen), feelend Accenten op de Groussbustawen, falsch Ofkierzungen an nach vill aner Saachen.

Ween den Éiergäiz huet e méiglechst korrekten Text ze produzéiren, fënnt am Internet méi wéi genuch Siten an Dokumenter déi deem Thema gewidmet sinn. Ech hu mol déi a méngen Aan interessantst Aféirungstexter erausgesicht:

Däitsch
typokurz ass eng Iwwersiicht vun de wichtegste Begrëffer a Regelen déi am Däitschen üblech sinn. Ergänzend kann een am relativ kompletten Typolexikon Begrëffer noschloen. Wat Webdesign ugeet, sou schéngt mer dëse Site e gudden Iwwerbléck ze ginn iwwert alles Wëssenswertes.

Franséisch
Am Franséische gëtt et virun allem déi ganz flott petites leçons de typographie vum Jacques André. Ween et léiwer méi kuerz huet, fënnt e Résumé vun deene wichtegste Regelen op dësem Site. (D’Buch aus deem déi Regelen zitéiert sinn kann ech iwwregens nëmme recommandéiren!)

Englesch
E ganz schéi präsentéierten engleschen Text ass den Typography Primer vun Adobe, mee leider geet deen net souvill op déi praktesch Detailer an wéi den typokurz oder d’Leçons.

An no der Lecture kann een direkt ufänken mat trainéiren ;-)

Ee vun de wichtegsten Tipps iwwerhaapt ass awer ganz kloer d’Textveraarbechtung op déi richteg Sprooch anzestellen ir een ufänkt mat schreiwen. Da profitéiert een net nëmme vun enger (oberflächlecher) Rechtschreibkorrektur, mee eng Rei typographesch Regelen ginn automatesch applizéiert!

Labels:

1 Kommentare:

Am/um 30.05.07, 19:18 , Anonymous Anonym meinte...

Et gi vill ze wéineg Leit, déi déi Regelen kennen. :/

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite