3.5.07

Mathé mécht glécklech

... oder sou.

De Spiegel huet eng scheinbar grouss ugeluechten Enquête ënnert jonken Akademiker duerchgefouert. E pur Fakten aus dem Studentenspiegel si bemierkenswert. Sou stinn d’Mathematiker zum Beispill un zweeter Plaz wat d’Zefriddenheet mat hirem ofgeschlossene Studium ugeet.

Wann een dann nach d’Top Ten vun de beschtbezuelte Beruffer kuckt, stellt ee fest dass de Studium all kéiers mat Mathé op anstännegen Niveau verbonnen ass.

Do froen ech mech firwat d’Mathé an der Gesellschaft sou verpönt¹ ass. Net liese kënnen? Dramatesch! Mee schlecht an der Mathé? Do kann een driwwer laachen!

Wee weess, vläicht gëtt ee jo geschwënn wierklech bezuelt fir Wëssenschaften zu studéiren?

<rant>Wann ech nach wéist firwat dee blöde Blogger.com d’Alpha-Transparenz net ëmmer respektéiert! Et schéngt drun ze leien dass déi zweet Grafik eng vu Blogger verklengert Versioun ass, während déi éischt 1:1 méngem Upload entsprécht. Dee Bug nervt! Do muss ech wuel eng Kéier maulen.</rant>

¹Update (14.6.07): What Is the Value of Algebra?

Labels:

1 Kommentare:

Am/um 04.05.07, 19:17 , Blogger Federico meinte...

(Deen Text hei bezidd sech graff gesin op Schüler vun 7eme bis 4eme am Lycée, wou sech mengen ech entscheed ob se Mathé gär hun oder net, dono gin jo och d'Sektioune gewielt. Ausserdem gin ech dovunner aus, dat ab 3eme incl, d'Schüler awer och méi "räif" am Kapp sinn - dh, net alles fier boer Mënz huelen wat hei ënnendrënner steet)

Menger Meenung huet d'Mathé e vill méi schlechten "Image", well een do och vill méi séier d'Schlappe verléire kann. Wanns de mol en Aufsatz an enger Sprooch net geschriwwen hues, da krotzels de deen alt séier am Bus oder vierun der Stonn. Wanns de awer e Mathé-Exercice net gema hues, geet dat evtl net sou liicht. Éischtens well een - wann een eppes neies ufänkt - sws méi Konzentratioun braucht, an zweetens well Mathé e Fach ass, wou wierklech sougudd wéi alles openeen opbaut. Wanns de d'Reglen net all Kéier op mannst heiansdo widderhëlls wann eppes neies bäikomm ass, da verstees de vu Joër zu Joër nët méi, mee ëmmer manner.
A vue que dat vill Schüler (an ech woen ze behaapten dass déi Mentalitéit och net ofhëllt), wann se iwwerhaapt mol eppes maachen, nëmmen dat Néidegst maachen, hun der eben vill Schwieregkeeten an der Mathé.

Bref, d'Leit hun sech un d'Situatioun gewinnt, dat "Mathé schäiss ass", a vill Leit Problemer domadder hun.

Obwuel ech selwer leider och e Minimalist sinn wat d'Léiren ugeet (ech si rosen mat mer selwer, ech wëll lo mol winstens fier den Premièresexamen mech ferm dohannert klemmen), an dohier d'Mathé oft schwéier op mech wierkt, fannen ech et en intressant, souguer eent vun deenen intressantesten Fächer déi mir hunn (an dat Fach wou meng Moyenne am déifsten ass). Ech sinn egal wéi och keen Naturtalent an der Mathé, bal ëmmer wa mer eppes neies ufänken hunn ech d'Gefill een vun deenen ze sinn, déi am längsten brauchen fier et ze verstoën. Et gin eben natierlech och Leit, deenen Mathé och guer a glat näischt seet.

Ech muss lo allerdings och nach en anren Aspekt beliichten: ech giff bal soen, et ass a bal kengem Fach sou wichteg, dat een e kompetenten Prof huet, wéi an der Mathé. Sproochen sinn eppes, woumat d'Mënschen souwéisou vu sech aus schon eng gewësse Relatioun hunn. Mathé ass awer fier di meescht zumindest am Ufank eppes ganz abstraktes. Verben an Nomen wierken vill manner "geféierlech" wéi Quadratwuerzlen an Equatiounen, fier mol bei deenen einfachen Saachen ze bleiwen. Dat heescht also, dat de Prof nët nëmmen säi Fach muss beherrschen, mee och nach extrem gudd erklären kann, déi Abstraktioun opléise kann. Et gehéiert also e gudde Schoss Psychologie a Mënschekenntnis dobäi. An der Natur vum Duerschnëttsschüler läit et eben, net méi ze maachen wou e muss, an wat e Fach manner Spaß mecht, wat een et manner gär léiert. Do ass eng perfekt Léierkraaft e muss. Vill frësch gebaake Proffe kënnen zwar all Theorie déi jemols opgestallt ginn ass perfekt rofleieren, mee et och un de Schüler brengen, dat ass eppes anres.

Bleift zum Schluss nach ze soen, dat ech perséinlech muss soen, dat de Mathesprogramm säit 3e bis 1ere awer och TOTAL chaotesch ass. Et ass alles duercherneen, de Programm ännert oft während dem Schouljoer e puer mol, et gin immens vill Problemer mat eisen super mega coolen Rechemaschinnen (TI V200, willt allerdings nemmei drop verzichten), et ass iwwerhaapt keng Koordinatioun an deem Ganzen. Do kann engem alt och schon d'Loscht dru vergoen.

Dat alles, an och nach eng Parti Saache méi op déi ech lo net méi well hei agoen, drin dozou bäi dat d'Mathé sou verpönt ass.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite