2.2.05

Apple & DVD Region Codes

Wéi allgemeng bekannt ass, gëtt de Keefer vun DVDe dofir bestroft déi onsënneg Iddi ze hunn en hätt e Recht se ze kucken. Riets geet dës Kéier vun de Region Codes. Besonnesch interessant ass dass een de Region Code vun engem Computer-DVD-Lafwierk 5mol wiesselen däerf, dono kann dee Compteur nach 4mol op null gesat ginn, awer dofir muss een d’Lafwierk zeréck a Reparatur droen. Insgesamt also 25mol wiesselen. Kommt also och gur net réischt op d’Iddi eng DVD an der net-Zone-2-Vakanz ze kafen oder an d’USA ze plënneren an sou weider.

Souwäit de Prinzip. Wat huet dat mat Apple ze dinn? Déi refuséiren dee Compteur op null ze setzen. Aus 25mol wiessele ma se 5. Dat flott dorun ass dass d’Filmindustrie de Client jo scho genuch schäissen deet, mee Apple setzt nach een drop.

Mech reegt dat dann awer net besonnesch op; dat ass leider eng Konsequenz dovun dass Apple, grad wéi Microsoft, just drop aus ass lukrativ Geschäfter mat de Mediekonzerner ze man. De Client ass do just en Hinderniss. Dass et ganz kloer ass: MS an Apple schäissen op hir Clienten. Dat ass leider d’Realitéit. Dat hei ass just ee Beispill vu villen.

Als Géigebeispill wéilt ech d’FOSS-Community erunzéien: Déi wëlle mat hiren DVDen dat kënne man wat se wëllen, an net wat vun de Mediekonzerner grad mol geduld gëtt. A wee wëll schonn net an der Lag sinn DVDen oder CDen déi ee legal kaaf huet ze kucken oder ze läuschteren?! D’Resultat? Mplayer a Xine këmmere sech net ëm Region Codes: si spillen alles of an dat obschons sougur d’DVD-Lafwierk dat eigentlech ënnerbanne sollt. Et ass leider ëmmer méi sou dass een als éierleche Keefer den Domme bei der Saach ass: illegal Downloads hu keng Region Codes a kee Kopéierschutz a scho gur keen CSS. Mat GNU/Linux hunn ech déi Suerge wéinstens manner. Do steet keng Firma dohannert déi just drun interesséiert ass mech ze versklaven.

Labels:

2 Kommentare:

Am/um 04.02.05, 17:18 , Anonymous Anonym meinte...

Ech hun absolut keng Ahnung wéi een sou een Compteur op null setzt, an ech huelen un dass déi allerwéinegst Leit daat wëssen. An sou fern ass et mir perséinlech relativ Wurscht waat Apple do mecht.
Ech sinn einfach just fir een Verbued vun Region Codes an CSS an fir d'Legaliséierung vun De-CSS. Konsumentenschutzorganisatiounen kinnten sech do mol méi staark ansetzen an versichen een juristescht Urteel ze sichen.

 
Am/um 04.02.05, 17:38 , Blogger Tuxophil meinte...

„Ech hun absolut keng Ahnung wéi een sou een Compteur op null setzt, an ech huelen un dass déi allerwéinegst Leit daat wëssen.“
Ech och net, et muss een d’Gerät jo och an de Service Technique droen!Gutt dass meng Firmware gehackt hunn :-). Eigentlech hunn ech en RPC-2 Lafwierk (och nach nom Hack), mee dat setzt no all Wiessel de Compteur rem op 4. (Et ass e Countdown vu 5 erof, de Compteur gëtt also u sech och op 5 zeréck gesat, net op 0.)

„d'Legaliséierung vun De-CSS“
Wee seet dass DeCSS illegal ass? Ëmmerhinn ass et kee Kopéierschutz... Mee, bon, d’Filmindustrie gesäit dat wuel anescht. :-/

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite