20.7.07

Och Brenner hunn eng Seriennummer...

Dass Foarflaser (och aner Printer?) sech op all Blat veréiwegen ass gewosst. Haut sinn ech da gewuer ginn dass CD/DVD-Brenner dat och man.
(Randnotiz: Wéi domm muss ee sinn den Harry Potter ze fotograféiren an d’EXIF-Daten net ze läschen?)

Labels:

19.7.07

¡Hasta la vista, Windows!


Wat e Schrott.

Sou, nom Résumé hei déi méi laang Versioun… Meng Elteren hu sech e Laptop zougeluecht: e Lenovo 3000 C200 (TZ0AZGE) (515€ bei Cyberport). Et kléngt zwar no Bëlleg-Laptop, mee trotzdem huet en alles wat ee brauch. Wat d’Lenovo-Gamme sou interessant mécht ass hir gutt Linux-Kompatibilitéit. Ech hu mëttlererweil op zwou ähnleche Lenovo-Maschinnen zimlech positiv Erfahrunge gemaach sou dass d’Fro no der Mark sech eigentlech net méi gestallt huet. Eenzegen Hoken: et gëtt net de Windows XP matgeliwwert, mee de Vista. Sou schlëmm wéi een et iwwerall liest wäert et jo dann awer net sinn duecht ech mer. Ma ee Gléck dass d’Maschinn vu vireran dofir geduecht woar ënner Linux benotzt ze ginn!

Seelen hat ech et mat enger Maschinn ze dinn déi sou elendeg lues woar dass se carrément onbenotzbar woar. Konstant Hard-Disk-Aktivitéit (swapping huelen ech un), no all Klick ca. 30 Sekonnen Denkpaus (deelweis sougur e pur Minutten!) No e pur Stonnen hunn ech d’Iddi de Vista zumindest grondlegend ze konfiguréiren (Firefox, OpenOffice.org, Antivirus, Firewall etc. installéiren) missen opginn well et einfach net viru gaangen ass.

Ir ech un d’Partitiounen an den MBR fréckle gaange sinn wollt ech awer eng Sécherungskopie man (och wann ech mech dee Moment gefrot hu firwat ech de Vista iwwerhaapt wéilt sécheren). Dass keng Recovery-CD/DVD bäilouch ass hautdesdags jo schon normal, dass et awer net mol méi eng Méiglechkeet gëtt (et sief dann ech hätt et iwwersinn) sech déi selwer ze brennen wéi et bei deenen zwee anere Lenovoen nach de Fall woar fannen ech e stoarkt Stéck. Ech hunn also vun der Kubuntu-Live CD geboot an einfach e gezipptenen Hard Disk Image gezunn (an direkt per netcat op mäi PC iwwerspillt). De Kubuntu ass iwwregens méi séier vun CD gelaf wéi de Vista vum Hard Disk…

Dono hunn ech da missen d’Windows-Partitioun verklengere fir Plaz ze man fir de Kubuntu. Well et am WWW op ville Plaze recommandéiert gouf wollt ech dat dann och am Vista-eegenen Disk Management man. Dee wollt awer partout net méi wéi 25 GiB raumen (och nom Defragmentéiren). Dunn ass es mer duergaang an ech hunn einfach de Kubuntu gewäerde gelooss. Resultat: de Vista fonktionnéiert (souwäit ech dat beurteele kann) nach ëmmer „perfekt“, an dat obschons wesentlech méi wéi 25 GiB fräigemaach goufen. Firwat net direkt sou?

Fazit:
  • De Vista ass tatsächlech sou extrem ressourcenhongreg wéi iwwerall geschriwwe gëtt.
  • De User Account Control huet schonn no e pur Stonne fatzeg genervt.
  • De Windows Disk Management gëtt net wierklech eens.
  • Et ass scho bal kriminell Windows Vista op där doten Hardware virzeinstalléiren. Ween net wëlles huet en anert Betriebssystem ze installéiren huet gutt 500€ an de Sand gesat.


(Meng Erfahrunge mat Linux op der selweschter Maschinn kommen och nach.)

Labels:

25.4.07

Xbox 360 Laptop


Spillkonsolen interesséire mech am Allgemengen net am geréngsten, scho gur net déi vu Microsoft. Mee haut man ech eng Ausnahm.

Dat hei ass onbeschreiflech, brilliant, onbeschreiflech brilliant.

Ech si gespaant op den drëtten a leschten Deel.

Labels:

13.12.06

kleng Iddi fir Chrëschtdag


Brilliant :-)

A souguer Linux-kompatibel.

(via User Friendly Link of the Day)

Labels: ,

27.9.06

Säitepräis

Elo wou ech well e pur Säiten geprint hunn, ass et natirlech interessant en Duerchschnëtts-Säitepräis ze berechnen. Am Webinterface vum Printer hunn ech folgend Informatioune fonnt:

75% Schwaarz iwwreg
85% Cyan iwwreg
86% Magenta iwwreg
85% Giel iwwreg
744 Säiten insgesamt geprint (dovun 568 mat Foarfelementer)

Wann ech vun engem raisonnable Cartouchepräis vu 70€ ausginn1 a 500 Blieder Pabeier 4€ kaschten, kommen ech op
(0.25+0.15+0.14+0.15)×70/744+4/500 = 0.073€ pro Säit.
Ënnert deene 744 geprintene Säite woaren eng 12–15 Fotoen an A4 Gréisst. Insgesamt sinn ech ganz zefridde mat deem Resultat. Zemols wou Copy Shops bei ca. 3 Cent leien (an dat schwaarz/wäiss!).



1 Hei am Land éischter ëm déi 100€!?

Labels:

10.9.06

Biometrie fir den Hard Disk

Eng vun de gur net mol sou onnëtze Spillereien op de ThinkPads ass den integréierte Fangerofdrocksensor. Zemols op engem Laptop ass et vu grousser Wichtegkeet seng privat a berufflech Daten ofzeséchere géint Déifstal. Bekannterweis hëlleft en normalt BIOS-Passwuert net ganz vill, well ee jo ganz einfach den Hard Disk an en anere Computer abaue kann. (Dovun ofgesinn ass e BIOS-Passwuert am Allgemengen zimlech onsécher.)

Säit e pur Joer kann een awer och en Hard Disk Passwuert festleeën wat am Hard Disk ofgespäichert gëtt (op de Magnéitplacken) an et vill méi schwéier mécht dëse Schutz ze ëmgoen — mee net onméiglech. Fir e wirklech séchere Schutz féiert nach ëmmer kee Wee laanscht eng komplett Verschlësslung vum ganzen Hard Disk (inklusiv Swap-Partitiounen).

De Clou um ThinkPad ass dass een och Fangerofdréck registréire kann déi dat Passwuert dann ersetzen. An der Praxis gesäit dat dann sou aus dass een direkt nom BIOS-Logo opgefuerdert gëtt de Fanger ze scannen. Soubal dat gemaach ass gëtt normal gestart. Falls de Fanger eng Kéier net sollt erkannt ginn (Verletzung, Sensor beschiedegt, etc.) kann een nach ëmmer mat Escape en normale Passwuert-Prompt kréien. Dat hëlleft awer nëmme wann een an der Tëschenzäit säi Passwuert net vergiess huet …

Den HDD-Schutz ass iwwregens nach laang net déi eenzeg Funktioun vum Fingerprintreader. E grousse Respekt geet un IBM/Lenovo fir déi exzellent Soft- an Hardware-Integratioun! (En informativen Artikel fënnt een op theregister.co.uk.)

Labels:

9.9.06

I ♡ trackpoints

Ech hätt zwar ni geduecht dass ech dat je eng Kéier géif behaapten, mee lo wou ech e ThinkPad hunn, huet et mech schonn intrigéiert firwat souvill Leit op hiren Trackpoint schwiren. Dofir hunn ech mol e bësse méi domat rondrem gespillt. A wat ech e méi benotze wat et mer ëmmer méi kloer gëtt datt et e Feeler woar eng Mini-Laptop-Maus ze kafen. (Gutt dass se nëmmen 9,99€ kascht huet.)

Ee vun de gréisste Virdeeler vum „Nippel“ ass ouni Zweifel dass een d’Hänn ni vum Clavier hiewe muss. Alleng schon den Zäitgewënn well een ni muss bis eriwwer op den Touchpad oder sougur bis op d’Maus ass enorm.

Dobäi kënnt dann nach dass een ni nogräife muss wéi et mat dem Touchpad de Fall ass. An zu gudder Lescht ass den Trackpoint vill méi präzis wéi een et am Ufank menge kéint. Mat e bëssen Übung klappt et da sougur sou gutt dass ee sech wonnert firwat net all Tastatur en integréierten Trackpoint huet. Leider ass de Contraire de Fall: Trackpoints sinn um ausstiewen an d’Auswiel un Notebooks mat Trackpoint gëtt ëmmer méi kleng. Et bleift just ze hoffen dass Lenovo nach laang um Trackoint festhält, zumindest an der ThinkPad-Gamme.

(Photo by shrkflickr.)

Labels:

22.8.06

Kubuntu op engem Z60m

Virun e pur Deeg ass mäin Notebook ukomm. Loscht drop en Notebook ze kafen hat ech am Ufank zwar net wierklech, well een Notebooks jo am allgemengen net sou liicht auserneenhuelen a veränneren oder modifizéire kann, mee ech kéint kaum méi glécklech si wéi mat ménger neier Maschinn.
Et ass e Thinkpad Z60m vun IBM Lenovo. An der Cyberport-Aktioun (déi mëttlererweil leider ofgelaf ass) woaren 1024MiB RAM amplaz vun de standardméissge 512 enthalen: déi zweet 512MiB si „beiliegend“. Dat huet mech awer net ofgeschreckt, an d’Installatioun vum RAM (als éischt opman, dann zouman) wir och net sou schwéier gewiescht, wann net eng vun de 4 Schrauwe geklemmt hätt. Si woar nach e pur Millimeter am Gehais, ass awer net gefall komm. Och e magnéiteschen Tournevis krut se net rausgezunn. Mee soit. Elo huet d’Maschinn 1024MiB RAM déi am Dual Channel Betrieb op ~8GB/s kommen.

Dat wichtegst a Kuerzform:
  • De 15,4" Widescreen Schierm ass exzellent an net verspigelt.
  • De Celeron M 1,5 GHz ass vill méi séier wéi ech geduecht hunn, den Hard Disk och.
  • Et héiert een den Notebook kaum.
  • Ech hun den Touchpad léiwer wéi den Trackpoint. Trackpoints si super! Et muss ee sech just dru winnen :-)
  • Den Hard Disk Advanced Protection System ass super.
  • De Fangerofdrocklieser hunn ech nach net probéiert.
  • Den SD Card-Reader ass praktesch.
  • E Thinkpad ass robust.
  • D’ThinkVantage Programmer fir Windows schénge praktesch a sënnvoll ze sinn. Respekt.
  • Et geet einfach net ouni.

Mee e Computer ouni Linux wir wéineg sënnvoll, an dofir hat ech mech schon am viraus dovun iwwerzeegt dass (quasi) alles ënnerstëtzt gëtt. Eng immens wichteg Quell ass dobäi den exzellenten ThinkWiki. Dee Wiki ass ee vun den Haaptgrënn gewiescht e Thinkpad ze kafen. Meng Recherche schénge gutt gewiescht ze sinn, well knapps hat ech vum Kubuntu geboot a schon huet dat meescht fonktionnéiert. D’Installatioun woar einfach, komfortabel a séier. Besonnesch ervirhiewe wëll ech awer dass Suspend-To-RAM a Suspend-To-Disk perfekt fonktionnéiren an dat ouni Gefummels. De WLAN fonktionnéiert och. (E grousse Merci u mäin Noper dass e mech dat teste gelooss huet …)

Bezuelt hunn ech nëmmen 635€(!) plus Versand (ca. 20€), wat eigentlech kaum ze gleewen ass.

Update: Ech hu keng Sony-Batterie :-)

Labels: ,

10.8.06

Fräien Intel 3D Driver

Intel huet gëscht Linux-Grafikdriveren fir den 965 Express Chipsaz verëffentlecht. Inklusiv Support fir 3D-Grafik. Mee am Géigesaz zu nVidia an ATI, déi nëmmen closed source Driveren ubidden, mécht Intel weider wéi bis elo, an setzt hir Driveren ënnert eng Open Source Lizenz. Si wäerten also demnächst an allen Distributiounen ze fanne sinn a mussen net ëmständlech noinstalléiert oder nokompiléiert ginn.

Et bleift just ze hoffen dass se dee Grafikchip och als Grafikkoart erausbréngen. Da sin ech endlech net méi op nVidia ugewisen. (Den ATI-Driver huet anscheinend nach ëmmer genuch Problemer.)

Méi Detailer iwwert d’Problematik vu Grafikdriver fënnt een op heise.de.

Labels: ,

20.7.06

HP Color Laserjet 2605dn

Virun e pur Deeg ass mäin neie Printer ukomm: en HP Color Laserjet 2605dn. Aus enger ganzer Rei Grënn hat ech mäin alen Tënteprinter (HP Deskjet 920c) sat: e woar lues, d’Qualitéit op Standard-Pabeier woar schlecht an en hat e risegen ënneschte Rand deen net konnt beprint ginn.

Den 2605dn ass de bëllegsten Netzwierkprinter vun HP dee voll Linux-kompatibel ass (Driver vun HP selwer!). Bis elo kann ech e just recommandéiren. Nodeems ech eng ganz Rei Transportsécherungen rausoperéiert hat, konnt ech lassleeën. Den éischte Printout woar allerdings enttäuschend: déi véier Foarwen woaren net alignéiert (Ofweechunge bis zu 0,5mm!). No enger Kalibréirung woar dee Problem awer behuewen an d’Printqualitéit huet iwwerzeecht. Wann e bis am gaangen ass mat printen ass e relativ séier (wat dat och ëmmer heescht), an d’Qualitéit, zemols vun Text, ass phänomenal. En Hoken deen eigentlech quasi all Laserprinter huet ass d’Zäit déi e brauch fir d’Rasterdaten ze berechnen. Bei komplexen Dokumenter mat héichopléisende Biller kann dat schon mol iwwert eng Minutt daueren. Mee an deene Fäll muss een dat fairerweis vergläiche mat de Fotoprintzäiten déi en Tëntesprutzer brauch, an déi sinn och net grad kuerz.

Problemer hat ech bis elo just mat der integréierter Duplexeenheet. Am OpenOffice klappt et problemlos, am Adobe Reader net, an de KPDF wëll se ëmmer benotzen – géint mäi Wëllen. (Jo, ech hunn d’Astellunge kontrolléiert.) De KPDF-Problem kéint eventuell vum Gentoo-Poppler-Patch kommen. Dat muss ech awer nach ënnersichen. Fir de Moment printen ech PDFen also mam KGhostView oder mam Adobe Reader.

Alles an allem schéngt et awer den ideale Printer ze si fir Linux-User déi e gewësse Print-Volumen hunn. Méi ausféierlech Testberichter fënnt ee bei vnunet.com an IT Reviews. Bestallt hunn ech dat gutt Stéck bei Pixmania.lu fir 432€ (+9,90 Versand). Allerdings sinn ech gur net glécklech iwwert d’Tatsaach dass hir Wëllkomm-Mail mäi Passwuert am Kloertext enthalen huet. En SSL/TLS-Login sicht een och vergebens. Wéinstens ass de Präis immens gënschteg.

Labels: ,

14.2.06

HDD an Aktioun

Coole Video. (leider WMV)

(Merci, Raffael)

Labels:

1.2.06

Das Keyboard Economy Edition

Haut ass definitiv mäi grousse Blog-Dag…

Där hutt vläicht scho vum „Das Keyboard“ héiren. Wann net kënnt der äerch et jo mol ukucken. Zemols de Präiss.
Méi bëlleg geet et mat enger 5€ Spraydous :-)
Hei ass d’Resultat:

Ech hunn dee Clavier elo säit e pur Deeg am Asaz an ech hunn d’Fangeren nach net schwoarz. Also alles tiptop. Just aner Leit hunn heiansdo e Problem wann se drop tippe sollen ;-D

Update: Fir déi ganz Verréckte gëtt et awer och eng méi opwänneg Method déi ech ärch net virenthale wëll.

Labels:

Hard Disk gëtt de Geescht op

Zumindest huet en eng Onmass defekt Sektoren. Mee HDDen hu jo Reservesektoren a wéi jidderee weess ginn déi defekt Sektoren reallocated soubal een déi Sektoren nei beschreiwt. De SMART seet mer ënnert anerem dat hei:
Reallocated_Sector_Ct   4
Reallocated_Event_Count 5
Current_Pending_Sector 0
Offline_Uncorrectable 5
Mangel u Reservesektoren dierft et also net ginn. Souwäit d’Theorie. Well an der Praxis gesäit dat liicht anescht aus. Ech hunn déi betraffe Partitioun (meng Root-Partitioun) ënnert Knoppix op d’/data Partitioun kopéiert:
dd if=/dev/sda6 of=/mnt/sda3 conv=noerror,sync
# ‘noerror’ a ‘sync’ sinn extrem wichteg!
… an dono gefsckt an rem zeréck geschriwwen. Kee Fehler, also misst den Hard Disk jo beim Liese gemierkt hunn dass eng Rei Sektoren defekt sinn (genuch Liesfehler am dd) a mussen ersat ginn. Mee komescherweis huet en dat net gemaach, well en
dd if=/dev/sda6 of=/dev/null conv=noerror
huet rem déi selwescht Liesproblemer wéi bei der éischter Kéier!

Also hunn ech de Samsung-Testprogramm lafe gelooss. Dee fënnt och eng ganz Rei Problemer a recommandéiert mer (op Engrish) ech sollt d’ERASE HDD Fonktioun probéiren an dono nach eng Kéier testen. Ma merci dann! Elo bleift mer also net vill aneres iwwreg wéi en zweeten HDD ze kafen, alles ze kopéiren, an dann den defekten HDD ersetzen ze loossen.

Wéinstens huet dat de Virdeel dass ech dann déi flott LVM-RAID-Modi probéire kann :-) Zwee Hard Disken kann och mol Virdeeler hunn.

Wann ech allerdings schonn dobäi sinn, wäert ech wahrscheinlech net méi reiserfs benotzen, och wann ech bis elo ganz zefridden domat woar. Dës Mails hu mer nämlech ze denke ginn! (Och wann den Titel wuel liicht, ëhm, iwwerdriwwen ass.)

Hmm, deen Hard Disk huet iwwregens réischt 5 Méint an et ass schonn den drëtten dee mer (an de leschten 7? Joer) ofkraazt. Vläicht ginn 79cm tëscht Subwoofer an Tower awer net dur …

Labels:

7.1.06

BIOS geflasht

… an d’Maschinn huet et iwwerlieft. Et huet mech nämlech genervt dass op méngem wonnerbaren Athlon64 de Cool’n’Quiet net gaangen ass:
Found 1 AMD Athlon 64 / Opteron processors (version 1.50.4)
BIOS error - no PSB or ACPI _PSS objects
(aus der syslog)
Mee dat ass net dat eenzegt. Ënner anerem déi hei Saachen hu mer wichteg geschéngt:
BIOS 2.4:
  • Recalibrate CPU temperature.
  • System now can resume from S3 without problem.
BIOS 2.2:
  • Cool n' Quiet now works as intended.
Da wir just nach déi Klengechkeet dass ech kee Floppy hunn. Mee dofir ginn et jo bootfäheg CDen. Ganz geheier woar et mer allerdéngs net. (Ëmmerhinn kéint ech schlëmmstefalls herno e Stéck Elektroschrott méi am Haus hunn.)

Et huet awer alles tiptop geklappt, a gehollef huet et och:
Found 1 AMD Athlon 64 / Opteron processors (version 1.50.4)
0 : fid 0xa (1800 MHz), vid 0x6 (1400 mV)
1 : fid 0x2 (1000 MHz), vid 0x12 (1100 mV)
An hei de Beweis dass et och tatsächlech fonktionnéiert:
$ cd /sys/devices/system/cpu/cpu0/cpufreq/
$ cat scaling_available_frequencies
1800000 1000000
$ cat scaling_cur_freq
1000000
$ cat stats/time_in_state
1800000 24572
1000000 112155

Labels: ,

Eng Méimaschinn? E Kompressor? En Helikopter?

Nee, just mäi knapp 6 Joer alen Athlon 700. Mee sou e Radau mécht e säit Joren. Méi präzis: den CPU Lüfter mécht bei all Kalstart 30 Sekonne laang en enorme Kaméidi. An dono, naja, et ass auszehalen. Virausgesat et konzentréiert ee sech drop et net ze héiren.

Ech froe mech just firwat ech sou blöd woar dat e pur Joer ze dulden. Virgëscht hunn ech dee Lüfter mol geuelegt. Dat wierkt Wonner. An hei sinn d’Anleitungen op déi ech mech baséiert hunn: Dan’s Data, ZDNet. Fotoen hunn ech leider keng gemaach, ech hat den Apparat net bei Hand. Et ass wierklech ganz einfach an ech kann et nëmme recommandéiren.

Den Ueleg (Huile Fine/Handy oil vun Holts) haten se grad nëmmen an der 250ml Fläsch fir 5€, ween es also gären hätt ka jo laanscht kommen ;-)

Labels:

4.1.06

DSDT Hacking

Nee, dat mam Opginn aus dem leschte Posting woar natirlech nëmmen e Witz ;-) Ëmmerhinn kann ee jo nach un der DSDT frëckelen. Dat hunn ech natirlech och misse versichen. Den HOWTO Fix Common ACPI Problems an de Linux ACPI Howto sinn dobäi ganz hëllefräich. Fir et kuerz ze man:
emerge iasl  # Intel Compiler installéiren
cat /proc/acpi/dsdt > dsdt.dat # DSDT ausliesen
iasl -d dsdt.dat # Disassembléiren
iasl -tc dsdt.dsl # Recompiléiren
An dat hei ass d’Resultat:
Intel ACPI Component Architecture
ASL Optimizing Compiler / AML Disassembler version 20050513 [Jan 4 2006]
Copyright (C) 2000 - 2005 Intel Corporation
Supports ACPI Specification Revision 3.0

dsdt.dsl 1820: Field (U1D3, WordAcc, NoLock, Preserve)
Error 1047 - ^ Access width is greater than region size

dsdt.dsl 1822: UR49, 3
Error 1051 - ^ Access width of Field Unit extends beyond region limit

dsdt.dsl 1826: Field (UBP1, WordAcc, NoLock, Preserve)
Error 1047 - ^ Access width is greater than region size

dsdt.dsl 1828: U1PE, 2
Error 1051 - ^ Access width of Field Unit extends beyond region limit

dsdt.dsl 1861: Field (UBP2, WordAcc, NoLock, Preserve)
Error 1047 - ^ Access width is greater than region size

dsdt.dsl 1863: U2PE, 2
Error 1051 - ^ Access width of Field Unit extends beyond region limit

dsdt.dsl 1889: Field (UBP3, WordAcc, NoLock, Preserve)
Error 1047 - ^ Access width is greater than region size

dsdt.dsl 1891: U3PE, 2
Error 1051 - ^ Access width of Field Unit extends beyond region limit

dsdt.dsl 1917: Field (UBP4, WordAcc, NoLock, Preserve)
Error 1047 - ^ Access width is greater than region size

dsdt.dsl 1919: U4PE, 2
Error 1051 - ^ Access width of Field Unit extends beyond region limit

dsdt.dsl 2803: Method (STM, 0, Serialized)
Warning 2019 - ^ Not all control paths return a value (STM_)

dsdt.dsl 3246: Method (_WAK, 1, NotSerialized)
Warning 2026 - ^ Reserved method must return a value (_WAK)

ASL Input: dsdt.dsl - 3362 lines, 100645 bytes, 1269 keywords
Compilation complete. 10 Errors, 2 Warnings, 0 Remarks, 420 Optimizations
Hëppla. Mee wéi ech séier festgestallt hunn, ënner anerem well ech d’Syntax an der ACPI 1.0b Spezifikatioun noschloen konnt, sinn déi meescht Feeler relativ einfach ze behiewen. Am Quellcode hunn ech déi folgend Zeilen:
OperationRegion (U1D3, PCI_Config, 0x49, 0x01)
Field (U1D3, WordAcc, NoLock, Preserve)
{
UR49, 3
}
Mat OperationRegion seet een op wéienge Bytes ee schaffe wëll, an dësem Fall um Block 0x49 bis 0x49+0x01. Do hu mer e Bit Field wou mer déi 3 éischt Bits UR49 nennen. Mee den Hoken ass dass ëmmer nëmme ganz Words gelies/geschriwwe ginn (WordAcc). Dowéinst muss een als Längt vun der Region 0x02 uginn (1 Word = 2 Byte), an net 0x01. Well de Standard seet nämlech:
For example, an access type of WordAcc cannot read the last byte of an odd-length operation region.
Super, sou wéi d’Leit vun MSI programméiert hunn däerf e konformen ACPI Interpreter d’Field UR49 weder liesen nach schreiwen!

Fir déi zweet Warnung (Zeil 3246) hunn ech einfach um Enn Return(Package(0x02){0x00,0x00}) agefügt. (Méi Detailer wat _WAK returne soll fënnt een an der ACPI-Dok.)

Endlech hat ech eng Datei déi ech problemlos kompiléire konnt (bis op déi éischt Warnung, mee ech mengen déi ass net sou wëll). Dono just nach an de Kernel akompiléiren a rebooten. Naja, direkt nom WakeUp huet en rem reboot. Et huet also alles näicht gedingt. Dat ass iwwregens och d’Resultat dat aner Leit haten, wéi dëse Thread op der LKML weist. An engem anere Thread ass och net vill méi eraus komm.

Interessant woar et trotzdem.

Labels: ,

S3-Problemer

Wee scho mol mat Power Management ënner Linux ze dinn huet, weess wuel ëm wat et geet: Suspend-To-RAM, STR ofgekierzt. Am ACPI Jargon ass et de Sleep State S3 (S1 ass Standby, S4 Suspend-To-Disk, S5 Soft-off). Gëschter hat ech näicht besseres ze dinn wéi ze probéiren den S3 op engem 3 Joer ale PC (MSI KT4 Ultra, Athlon XP 1800+) un d’Goen ze kréien. Naiv wéi ech sinn hunn ech et ouni weider Präparatioune probéiert mat echo mem > /sys/power/state. De System huet sech ausgeschalt. Oder sou huet et ausgesinn. Well beim Ëmkucken am BIOS Setup hunn ech bemierkt hunn dass ech als éischt mol e WakeUp Event definéire muss. Dono ass en dann och tatsächlech rem wakreg ginn soubal ech e Knäppchen um Keyboard gedréckt hunn. Leider huet en dann awer normal geboot. Dat woar kee vu ménge Computer, dofir woar tatsächlech nach e kaum genotzte Windows 2000 drop. „Selbstverständlech“ ass den S3 do gaangen. Ech woar relativ begeeschtert (ech hat nach nie S3 an Aktioun gesinn): de PC huet sech scheinbar komplett ausgeschalt, kee Lüfter, kee Lafwierk, einfach nëmmen näicht. An trotzdem woar en no 2 Sekonne rem komplett wakreg.

Dat huet mer natirlech keng Rou gelooss. Also en neie Kernel compiléiert ouni irgendeppes (weder USB, nach AGP, nach Sound, nach CD-ROM). Sou minimalistesch wéi et méiglech woar. Keen Erfolleg. Och mam hibernate-Script (vum Suspend2 Projet) hat ech keen Erfolleg. Nodeems ech dann eng 20 „Crashes“ hannert mer hat (also Suspend ouni Resume, direkt Reboot) hunn ech schlussendlech opginn.

Wat ech awer och bäigeléiert hunn ass dass oft ACPI Problemer op eng fehlerhaft DSDT zeréckzeféire sinn. DSDT ass spezielle Bytecode dee vum OS interpretéiert gëtt. A wou kënnt e vill benotzten Compiler hir fir de Bytecode ze generéiren? Redmond. Et ass durgaang e Blëck an d’syslog ze geheien fir ze gesinn dass och dësem PC seng DSDT de String MSFT enthält. Déi fehlerhaft DSDTe sinn natirlech gur kee Problem, schliesslech gëtt Windows jo tiptop eens domat… An da wonnert ee sech dass Power Management ënner Linux oft mat Problemer verbonnen ass. (Ech soen allerdings elo net dass an dësem spezielle Fall MSFT schold drunn ass dass et net klappt.) Ajo, et gëtt och e vill méi strikte Compiler vun Intel, deen niewebäi och méi klenge Code generéiert, mee firwat sollt e Mainboard-Hersteller sech mat sou eppes ploen?

Ech si mol gespaant wéi gutt oder manner gutt dat op méngem Athlon64 doheem klappt.

Labels: ,

2.1.06

Vista an DVD-Playback

Ech hu misse schmunzele wou ech op Slashdot gelies hunn dass Vista refuséiert DVDen ofzespille wann een e Lafwierk huet wat de Region Code net an Hardware controlléiert (also RPC-1, am Géigesaz zu RPC-2). A méngem ale PC hunn ech en NEC DVD-ROM mat gehacktener Firmware. Awer net sou e banalen Aus-RPC2-maach-RPC1-Hack: mäi Lafwierk ass nach RPC-2, mee no all Wiessel setzt et de Counter rem zeréck op 4 méiglech Ännerungen. Dat ass dach mol genial :-) Et ass scho bal schued dass ech dat schonn éiweg net méi hu missen ausnotzen: All déi gängeg FOSS DVD-Player knacken CSS a Region Code souwisou ganz a Software, et huet een also nie e Problem mat deem ganzen DRM-Dreck op DVDen. (Ausser dass et illegal ass DVDen ënner Linux ze kucken.)

Labels:

18.10.05

Big Brother am Printer

Nei ass et jo net, dass Printer hir Seriennummer onsichtbar mat op d’Blat printen. Mee elo hunn ech mol duerch Zoufall bei heise.de en Artikel driwwer gelies wéi déi Informatiounen codéiert sinn.

Labels:

8.9.05

Neie Computer :-)

Yeah, haut ukomm.
  • Gehais: CoolerMaster CAC-T05 Centurion (sëlwer)
  • Netzdeel: HEC HEC-385WM-PTX/R
  • Mainboard: Abit AV8 R1.5
  • CPU: AMD Athlon 64 3000+ Venice
  • CPU Kühler: Thermaltake Golden Orb II
  • RAM: Kingston ValueRAM DIMM 512 MB DDR-400 (2×)
  • Hard Disk: Samsung SP1614C (160GB)
  • DVD±R(W): BenQ DW-1640 (schwoarz)
  • Grafikkoart: Asus V9520-X/TD GeForce 5200 64MB
  • externen Hard Disk: Western Digital WDXUL800BBRNE
Elo steet mol intesivt Testen um Programm …

Labels: