7.7.05

Me Vogel an Héichform

Ech weess dass et peinlech woar — peinlech genuch dass et net mol widderholl ginn ass — an och e bësse shocking, mee wann ee mat der richteger Virstellung un déi Saach erugeet… Fir et kuerz ze man: ech hu scho laang net méi sou gelaacht wéi bei der Show déi den Me Vogel gëscht am „Débat“ iwwer d’Verfassung ofgeliwwert huet. Ween et verpasst sollt hunn kann et am RTL Videoarchiv kucken. Mee allzevill Entscheedungshëllef fir e Sonnde ass awer éischter net geleescht ginn …

Wat mer allerdings net gefällt ass dass no ISP diskriminéiert gëtt: just SpeedSurf-Clienten däerfen de 768kbit/s Stream kucken. Gi mer dach mol ee Moment vum Kantschen Imperativ aus: Wat wir d’Internet wa jiddereen no ISP géif diskriminéiren, a wa bei all Service en aneren ISP dee „richtegen“ wir?

5 Kommentare:

Am/um 07.07.05, 15:32 , Anonymous Anonym meinte...

Hehe,
hun geschter Owend och den Schluss vun der Sendung gesin, dun am Teletext gekuckt wéini et widderhol géif gin, 23:50 Auer stung do.. Dun alt sternTV gekuckt bis dass et endlech 10 vir war, RTL gekuckt, den Moderator seet nach: "An elo geet et virun mam politeschen Mettwoch" an zu mengem Erstaunen koum keen Debat, mee den Felix mat sengem Magazin ...
Sin dun haut och op d'Iddi komm, fir mol am Videosarchiv nozekucken, an tatsächlech ;) Hun mer den Stream mol direkt op den PC gerippt. Köstlech ;) am beschten huet mer den Satz vum Asselborn gefall: "dann gidd dach bei Black&Decker Buermaschinen verkaafen, mat engem Schlober dobai" ;)

 
Am/um 07.07.05, 15:33 , Anonymous Anonym meinte...

an fir den 768k Stream, probéier do mol den direkten Link:
mms://streaming.newmedia.lu/768K/13/2005/07/06/13_20050706_768K.wmv

 
Am/um 07.07.05, 16:24 , Blogger Tuxophil meinte...

Direkte Link: 401 Unauthorized :-(

Ech muss mer da wuel den 300 rippen. Naja. Mam Poopst deemols woar en awer och net schlecht um Radio, de Me Vogel ;-)

 
Am/um 08.07.05, 14:20 , Anonymous Anonym meinte...

Den 768k Stream geet just, wann een wi gesoot, iwwert d'Post fiërt. Fannen ech och relativ null, ech gleewen kaum, datt iergend een extra bei d'P&T geet, just fir den Stream vun rtl.lu kënnen zë gesinn.

An zum Ful..., äh pardon, Me Vogel: wiën interesséiert sëch iwwerhaapt fir deen Typ? Jiddereen meckert, datt dach keen un ëm interesséiert ass an dach geet RTL sëch ën all Kéiers sichen. Ech hu mer di läscht Minutt ugekuckt, den Tom Graas hat ës och sichtlech genuch.

De Vogel ass vläit gudd firu Gericht, mä an enger Talksendung ass ën net zë gebrauchen: deem aaneren firzëgeheien, ën hätt sëch net firbereed, mä sélwer mat 5 vollen Classeuren zë kommen an dann all Kéiers eng Minutt laang nozësichen, wou deen a deen 1955 den 3. Abrëll moies um 5 Auer gefuërzt huët...
Sou kann een dach keng Diskussioun féiren, höchstens eng Beweislag firu Geriicht!

 
Am/um 08.07.05, 21:42 , Blogger Tuxophil meinte...

An enger Saach wir ech trotzdem frou gewiescht wann der vill sech mol eng ganz bestëmmte Saach vum Me Vogel ofgekuckt hätten: korrekt ze zitéiren. Et mag vläicht schwéierfälleg sinn, mee ech hunn zevill Diskussiounen héiren a gesinn wou et just heescht „Dat steet sou an der Verfassung“ – „Nee, dat stëmmt net!“ – „Dach!“ – „Nee!“. An enger ziviliséierter Diskussioun hätt ech mer erwoart dass dann de Moderator de betreffenden Artikel géif virliesen. Inklusiv eventuellen Aschränkungen déi direkt am 2. Saz kommen.

Et geet halt ëm en Text, a wann ee just seet „Et muss ee jo stëmme, soss ass ee géint Europa“ bréngt dat kengem eppes.

Trotz allem kann awer kee sech bekloen net genuch informéiert ze si ginn. Doriwwer sinn ech scho mol ganz frou.

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite