1.8.05

HD an Aktioun

A méngem „Lieblings“-Butték Hifi International ma se lo mol eppes richteg. Zumindest wat ee vun hiren HD-Ready Fernsehapparater ugeet: Op deem gëtt nämlech keen ultragrotteschlecht Fernsehbild gewisen, oder eng DVD där hirt Signal nach un 20 aner Fernseher geliwwert gëtt (grausam), mee eng Sony HD-Kamera mat 1080 Bildzeilen Opléisung. Déi Kombinatioun mécht och dem Leschte kloer wéi fuerchtbar scheusslesch e PAL-Bild eigentlech ass (oder och eng DVD). Vum technesche Standpunkt aus gesinn ass HD eng enorm Verbesserung a misst eigentlech en Hit gi soubal HD-Content rauskënnt. Et ass en Ënnerscheed wéi Dag an Nuecht. Wierklech beandrockend. (Mee am Géigenzuch gesinn dofir all déi aner Fernseher em sou méi schlecht aus. :-))

Trotzdem hoffen ech dass HD-DVD (oder Blu-ray) e Riseflopp gëtt. Well wat un DRM alles geplangt gëtt ass krass. Dat Neist: Du wëlls HD op déngem 1000+ Zeilen TV kucken? Äh, domm gelaf, kaf der en neien dee wéinstens en HDMI-Agang huet. Ech wäert jiddefalls näicht kafe wat ech net kopéire kann. Kopéiren däerfen hunn ech well ofgeschriwwen. Dass ech et awer och einfach net verstoe kann firwat et kriminell ass mer eng Kopie fir Auto/Computer/Uni ze man.

Labels:

0 Kommentare:

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite