2.8.05

1 Knäppchen? 2? 4? Kee Problem.

Apple schéngt et endlech bekäppt ze hunn: Hir aktuell Mais (zumindest déi beim eMac) si Wouscht. D’ganz Maus ass de Knäppchen. Dat huet zur Folleg dass een net mol d’Hand ofleeë kann ouni ongewollt rondrem ze klicken. Dass ee kee Scrollrad an och kee rietse Knäppchen huet mécht d’Saach „perfekt“. Ergonomie Null.

Mee elo bréngen se d’Mighty Mouse op de Moart. Do huet een u sech kee Knäppche méi, mee d’Oberfläch ass drockempfindlech, a je no Astellung behëlt se sech wéi wann et een oder eben 2 Knäppecher wiren. Respekt mol fir d’Iddi. E Scroll Ball huet se och. Dat ass Apple hir Bezeechnung fir en Trackpoint. Domat kann een dann 2-dimensional scrollen. Säitlech Knäppecher fir ze „squeezen“ huet déi nei Maus och. Insgesamt verbannen se also d’Einfachheet vun enger klassescher Ee-Knäppche-Maus mat de méi performante Mais aus der PC-Welt. Ech froe mech allerdings just ob et wierklech funktional ass, well ëmmerhinn spiert ee jo net wéini een dann elo geklickt huet a wéini net. D’Problematik ass do déi selwescht wéi bei Touchscreens. Fir dat ze ëmgoen hu se e Lautsprecher integréiert dee „Klick“ oder „Scroll“ seet. Mee op auditive Feedback den taktile wierklech ersetze kann muss d’Praxis weisen.

Wat awer onverännert bleiwt ass déi onbequem oval Form.

Update: No deem ville Gespekuléiers, emol e pur handfest Informatiounen. Arstechnica huet d’Maus getest. Et ass wuel liicht vill eraninterpretéiert ginn an d’Informatiounen déi Apple op hirer Säit huet.
As it turns out, Apple blew the description of its “aural feedback” and “touch sensitivity” out of proportion and led most of us to believe that 1) there was some sort of speaker built into the mouse with synthetic mouse sounds coming out of it, and 2) the shell might be solid-state touch-sensitive like our beloved iPod wheels. […]
Like the Apple Pro Mouse, the upper shell depresses when you press on it in various places with your finger(s), and the clicking noise is an actual, real clicking noise […].

An den Scroll Ball schéngt en Trackball ze sinn a keen Trackpoint. D’nächst Kéier muss ech wuel besser oppasse wat ech schreiwen :-)

Labels:

3 Kommentare:

Am/um 10.08.05, 09:10 , Anonymous Anonym meinte...

Naja, Apple iwwerdreiwt heiansdo jo och an séngen Pressematdéelungen. "Mir brengen lo eng Maus mat méi wi engem Knäppchen op de Marché!"
Wow! Dat ass jo mol wirklech innovativ, datt ët sou eppes nach net firdru gouf... oh, ee Moment mol...

 
Am/um 25.09.05, 16:30 , Anonymous Anonym meinte...

Naja ech hun se ausprobeiert an ech ech trauen mech baal net et ze soen mee se ass schaiss.

An ech haat eng zait Sou eng Mac maus un mengem mac an sin super domat eenz ginn.
sou laan een genuch tastatur oofkierzungne hellt
daniel wagener

 
Am/um 25.09.05, 16:31 , Anonymous Anonym meinte...

Also eng mac maus mat engem Knäppchen

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite