14.4.06

Start Me Up

Dass een ouni VNC net auskënnt ass jo mëttlererweil kloer ;-) Mee déi grouss Fro ass: Wee schalt mer mäi PC an wann ech ënnerwee sinn?

Mat Wake-On-LAN stellt déi Fro sech net. Ech schalten de PC selwer an, iwwert d’Internet wuel gemierkt. Hautdesdags schalten elektresch Geräter sech jo leider net méi vollstänneg aus wann een de Knäppchen dréckt, mee si bleiwen an engem stroumfriessenden Standby-Modus. Mee genau vun deem profitéiert de WOL: d’Netzwierkkoart (respektiv den Onboard-Chip) bleift un a lauert op e „Magic Packet™“ dat just signaliséiert dass de PC soll gestart ginn. (Natirlech gëtt ëmmer nëmmen ee PC ageschalt: deen dem seng MAC am Packet enthalen ass.) Et muss ee just kucken dass dee Magic Packet net am Router hänke bleift, mee op deen Detail ginn ech net weider an.

E klengen Hoken huet déi Saach allerdings schon: et muss een d’IP-Adress vum Computer kennen deen ee starte wëll. An e PC deen aus ass huet am Normalfall keng Internet-gülteg IP-Adress… Viraussetzung ass also en ADSL-Modem mat integréiertem Router deen dauernd online bleift och wann de PC aus ass. Dat ass hautesdags awer den Normalfall. Bleift nach ëmmer d’Fro wéi een un d’IP-Adress kënnt. Hei ginn et 2 Méiglechkeeten: déi bescht ass et keeft ee sech e modernen ADSL-Modem, deen integréierte Support fir „Dynamic DNS“-Déngschter (z.B. No-IP, DynDNS) huet. Dann huet de Router ëmmer en Internet-gültegen Hostname, wéi z.B. (fiktiv!) tuxophil.no-ip.com.

Den zweete Fall ass leider net sou elegant: wann de Router dat net ënnerstëtzt bleift näicht anescht iwwreg wéi sech d’IP-Adress vum Router op e Blat ze schreiwen. Ech si leider an deem Fall, a kucke lo mol op mäin ISP net zoufälleg all x Stonnen/Deeg d’Verbindung trennt a mer eng nei IP zouweist.

Net dass ech nach gezwonge sinn méngem ISP säi ganzen Address Space mat Magic Packets ze flooden ;-)

Update: Hmm, 3. Méiglechkeet: et kontrolléiert ee seng No-IP Konfiguratioun. Bis elo huet mäin Hostname ëmmer op 0.0.0.0 gewise wa mäi PC aus woar, mee dat läit net drun dass No-IP en Time-Out hätt, mee den Gentoo Init-Script mécht dat beim Shutdown! Ech hunn déi Zeilen emol geläscht. Elo misst mäin No-IP Hostname ëmmer op déi richteg IP weisen, äusser d’DSL-Verbindung wir getrennt ginn an de PC hätt nach keng Geleeënheet gehat, d’IP ze updaten.

2 Kommentare:

Am/um 14.04.06, 16:26 , Anonymous Anonym meinte...

3.Méiglechkeet:
Et freet een sech bei der Post eng statisch IP-Adress fir sain Uschloss un ;)

 
Am/um 15.04.06, 18:12 , Anonymous Anonym meinte...

Bth, ech hat mer mol e Perl init-script geschriwwen deen bei all start eng html sait mat menger aktueller externer ip eropgeleuden heut (et war alles zimlech rudimentär iwwert ftp). Me bon du schengs de problem jo geleist ze hun. Ahjo, main router kann dei ganz aufgab fun deem initscipt deens du um gentoo installeiert hues iwwerhuelen.
sepisultrum

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite