1.2.06

Hard Disk gëtt de Geescht op

Zumindest huet en eng Onmass defekt Sektoren. Mee HDDen hu jo Reservesektoren a wéi jidderee weess ginn déi defekt Sektoren reallocated soubal een déi Sektoren nei beschreiwt. De SMART seet mer ënnert anerem dat hei:
Reallocated_Sector_Ct   4
Reallocated_Event_Count 5
Current_Pending_Sector 0
Offline_Uncorrectable 5
Mangel u Reservesektoren dierft et also net ginn. Souwäit d’Theorie. Well an der Praxis gesäit dat liicht anescht aus. Ech hunn déi betraffe Partitioun (meng Root-Partitioun) ënnert Knoppix op d’/data Partitioun kopéiert:
dd if=/dev/sda6 of=/mnt/sda3 conv=noerror,sync
# ‘noerror’ a ‘sync’ sinn extrem wichteg!
… an dono gefsckt an rem zeréck geschriwwen. Kee Fehler, also misst den Hard Disk jo beim Liese gemierkt hunn dass eng Rei Sektoren defekt sinn (genuch Liesfehler am dd) a mussen ersat ginn. Mee komescherweis huet en dat net gemaach, well en
dd if=/dev/sda6 of=/dev/null conv=noerror
huet rem déi selwescht Liesproblemer wéi bei der éischter Kéier!

Also hunn ech de Samsung-Testprogramm lafe gelooss. Dee fënnt och eng ganz Rei Problemer a recommandéiert mer (op Engrish) ech sollt d’ERASE HDD Fonktioun probéiren an dono nach eng Kéier testen. Ma merci dann! Elo bleift mer also net vill aneres iwwreg wéi en zweeten HDD ze kafen, alles ze kopéiren, an dann den defekten HDD ersetzen ze loossen.

Wéinstens huet dat de Virdeel dass ech dann déi flott LVM-RAID-Modi probéire kann :-) Zwee Hard Disken kann och mol Virdeeler hunn.

Wann ech allerdings schonn dobäi sinn, wäert ech wahrscheinlech net méi reiserfs benotzen, och wann ech bis elo ganz zefridden domat woar. Dës Mails hu mer nämlech ze denke ginn! (Och wann den Titel wuel liicht, ëhm, iwwerdriwwen ass.)

Hmm, deen Hard Disk huet iwwregens réischt 5 Méint an et ass schonn den drëtten dee mer (an de leschten 7? Joer) ofkraazt. Vläicht ginn 79cm tëscht Subwoofer an Tower awer net dur …

Labels:

1 Kommentare:

Am/um 08.02.06, 22:58 , Blogger Tuxophil meinte...

Interessant. Has de scho mol Problemer mat HDDen? Meng 2 déi bis elo de Geescht opginn hunn, hunn dat och allen 2 réischt gemaach nodeems ech bis e Sub hat. Mee op eng Verbindung besteet ass schwéier soen. Zemols hei op méngem neie PC hunn ech just Musék gelauschtert, awer wierklech net haart, an eng oder zwou DVDe gekuckt. Mee déi awer da richteg mat vollem LFE am Stereo-Downmix, a „manner lues“. D’Fro ass: gi 5 Stonne Belaschtung dur fir engem HDD defekt Sektoren zouzefügen?

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite