15.1.06

Darik’s Boot and Nuke

Irgendwann kann een och mam eelste Computer net méi vill gescheites ufänken an da stellt sech natirlech d’Fro wéi een den HDD am Beschte läscht. Alleng mat GNU/Linux Bordmëttelen ass et scho relativ einfach e pur HDDen simultan ze iwwerschreiwen:
for i in /dev/{s,h}d?; do dd if=/dev/zero of=/dev/$i bs=1M & done
Dat huet allerdings den Nodeel dass just mat Nullen iwwerschriwwe gëtt. Wann een /dev/urandom amplaz vum /dev/zero hëlt brauch ee masseg Gedold, well de Kernel net nokënnt mat Zoufallsdate liwweren. Da kënnt nach de Problem dass den neiste Knoppix net (ouni Problemer) op PCe ka benotzt ginn déi net vun CD boote kënnen.
All deene Problemer kann ee relativ einfach aus de Féiss goen mam DBAN. Bootdisk (oder Boot-CD) erstellen, aleeën, nei booten. Et huet een de Choix tëscht e pur Läschmethoden, wouvunner déi sënnvollst wahrscheinlech eemolegt Iwwerschreiwen duerch Pseudozoufallsdaten ass. DBAN fënnt d’Hard Disker automatesch a suergt och dofir dass déi verfügbar Bandwidth beschtméiglech ausgenotzt gëtt.
A wann een fäerdeg ass, net vergiessen den DBAN rem ze läschen, et wëll ee jo net eng Kéier irtümlecherweis iwwert sou eppes booten…

Labels:

2 Kommentare:

Am/um 17.01.06, 14:53 , Anonymous Anonym meinte...

Geet ët dann eigentech net duër, wann d'Donnéen mat Nullen iwwerschriwwe ginn? Do nach eppes eraus ze zéien, dirft dach och kaum méiglech sin, oder?

 
Am/um 17.01.06, 15:28 , Blogger Tuxophil meinte...

Wann ee mat Nullen iwwerschreift kann ee softwareméisseg näicht méi liesbar man. Well allerdings CIA & NSA all PC deen ee verschrott enger pur-dausend-Dollar forensescher Analys ënnerzéien, muss ee virsuergen an Zoufallsdate benotzen. Ech hoffen dat beäntwert deng Fro ;-)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite