11.4.06

Virtual Network Computing

VNC erméiglecht d’Iwwerdroe vum Bildschierminhalt op en anere PC. Op déi Manéier kann een op Distanz schaffen. Ech hunn et elo mol rem a Betrieb. An dat direkt duebel:
Éischtens hunn ech de KDE Desktop Sharing lafen. Deen erméiglecht et op Distanz eng lafend Session ze iwwerhuelen. Dat ass ganz praktesch fir Fernwartung oder Tech Support an der Famill. Sou kann ech awer och ganz einfach mäi PC verloossen an ageloggt bleiwen, a vun enzwousch anecht weider schaffen.
Zweetens hunn ech den TightVNC installéiert a loossen deen op enger Rei Ports lauschteren. Sou kann ech mech dann op Distanz aloggen an hunn nach d’Wiel tëscht enger Rei verschiddenen Opléisungen. (All Opléisung huet en anere Port.) Heibäi hunn ech mech gréisstendeels un den HOWTO vum Gentoo Wiki gehalen.
Wann ech d’Qualitéit op de Minimum erofsetzen léist et sech sougur einegermoossen bequem domat schaffen. Et kann allerdings och sinn dass den SSH-Tunneling dat Ganzt zimlech bremst, mee ouni SSH géif ech mech net trouen sou Saachen opzesetzen. Dofir wimmele meng Log-Dateie villzevill mat automatiséierte Viren- an Hackattacken.
Elo muss ech just nach oft genuch vergiesse „wichteg“ Saachen ze erleedegen, sou dass ech e valable Grond hunn domat ze schaffen ;-)

Elo hat ech eppes Wichteges bal vergiess: VNC ass plattformonofhängeg, et gi souwuel Serveren wéi och Clients fir all seriö Plattform.

Labels:

1 Kommentare:

Am/um 11.04.06, 21:55 , Anonymous Anonym meinte...

VNC muss nëtt nëmmen fier Fernwartung benotzt gin: bei eis an der Schoul ass den Server op all PC installéiert an gëtt mat all Login gestart; als Schüler kann een den Prozess och nëtt zoumaachen. An hei ass den Uwendungszweck op éischter Plaatz Spionage wéi Hëllefsmëttel ...

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite