1.2.06

Das Keyboard Economy Edition

Haut ass definitiv mäi grousse Blog-Dag…

Där hutt vläicht scho vum „Das Keyboard“ héiren. Wann net kënnt der äerch et jo mol ukucken. Zemols de Präiss.
Méi bëlleg geet et mat enger 5€ Spraydous :-)
Hei ass d’Resultat:

Ech hunn dee Clavier elo säit e pur Deeg am Asaz an ech hunn d’Fangeren nach net schwoarz. Also alles tiptop. Just aner Leit hunn heiansdo e Problem wann se drop tippe sollen ;-D

Update: Fir déi ganz Verréckte gëtt et awer och eng méi opwänneg Method déi ech ärch net virenthale wëll.

Labels:

8 Kommentare:

Am/um 01.02.06, 16:46 , Anonymous Anonym meinte...

Dat ass awer nach laang net perfekt :-)
Do kann ech souguer nach "caps lock" drop liesen.
Ausserdem ging dat mech relativ baschten doen fir speziell Zeechen déi ech bal nie brauch ërem ze fannen. Déi lescht Deeg sinn ech zB e bësse gebascht mat mengem Apple-keyboard wat et fir onnéideg fënnt folgend Zeeschen op der Tastatur oofzebilden:
{ Alt+8
} Alt+9
\ Shift+Alt+7
[ Alt+5
] Alt+6
Natierlech brauch een da bëssi Zäit dat erauszefannen wou déi sinn (virun allem well se op anere Plaatzen ze fanne si wéi op engem PC-keyboard).

 
Am/um 01.02.06, 17:01 , Blogger Tuxophil meinte...

Do kann ech souguer nach "caps lock" drop liesen.
Awer och nëmmen aus deem ongléckleche Wënkel aus deem ech d’Foto geholl hunn. Wann ee virdru sëtzt ass dat eng ganz aner Saach, do ass et quasi perfekt.

 
Am/um 01.02.06, 20:56 , Anonymous Anonym meinte...

Ech well och. Wollt mer scho bal Das Keyboard kaafen, mee wou ech de prais gesinn hun hat ech bal eng laachkries kritt. Ausserdeem froen ech mech ob ech net soll leiwer bis enn 2006 waarden an mer dann en optimus keyboard fun art lebdev kaafen. Do kann ee weinstens filmer dorp kucken :)

 
Am/um 01.02.06, 21:39 , Anonymous Anonym meinte...

Mengs de domat déi Tastatur wou all Tast e mini LCD-Display ass (eben sou dats de all deng Tasten kanns beleeëen wéis de wëlls)?

 
Am/um 02.02.06, 16:29 , Anonymous Anonym meinte...

joo, genee dei. An et kann ee warscheinlech FIlmer drop kucken :) (leider nemmen 5fps)

 
Am/um 02.02.06, 22:59 , Anonymous Anonym meinte...

Hehe et kinnt een een aneren bestëmmt domat verreckt maachen, wann een ouni säi Wëssen einfach d'Tastenbeleeung all 5 Sekonnen oder sou ännert :) Giff dat zegär gesin ;)

 
Am/um 08.02.06, 22:51 , Blogger Tuxophil meinte...

Mee eppes kann dain keyboard awer net
Oh, mee et ass awer ëmmerhinn där richteg cooler Dell AT102 een. Dat ass wéi dee kultegen IBM Model M ee mat „buckling spring“ Technik. Dat ass einfach nëmme genial wéi gutt dat sech tippt. A wat et fir e Radau mécht :-)

Wat en allerdings wierklech net (méi) kann, ass NumLock, CapsLock a ScrollLock LEDs opliichte loossen. Well ech net sécher woar dass dat eppes géif ginn mam zoupechen, hunn ech se einfach mat gesprëtzt.

 
Am/um 12.03.06, 10:41 , Anonymous Anonym meinte...

haha, net schlecht. an e gudden Exercise fir d'Gediechtnis :)

 

Kommentar veröffentlichen

Abonnieren Kommentare zum Post [Atom]

<< Startseite